Den decisive Gol an der Halleffinall vum DFB-Pokal tëscht Bremen a Leipzig huet de Forsberg an der leschter Sekonn vun der Verlängerung geschoss.
E Freideg den Owend war am Titel-Playoff vum Härenhandball de wichtege Match Handball Esch géint den HB Diddeleng.
D'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp vun den Häre spillt jo de 6. Juni e Frëndschaftslännermatch géint Schottland.
Duerch d'Pandemie kënnt neie Wand an d'Klimapolitik a mat den USA sëtzt en ale Partner nees mat am Boot.
"No nëmmen 100 Deeg kann ech mech un d'Natioun riichten a soen: Amerika ass nees op Touren" sou den Demokrat Joe Biden.
En Donneschdeg den Owend sinn am Handball d'Halleffinallen vun der Coupe bei den Dammen gespillt ginn.
D'Teststrategie an de Schoulen leeft schonn zanter Méint, ugangs mat mobillen Test-Ekippen, respektiv dem Large-Scale-Testing, a lo mat de Schnelltester.
Op d'mannst véier Vëlosaccidenter an enger Woch, dat ass ze vill, fënnt d'Asbl Pro Vëlo.
A ville Fäll wier déi lescht Rees fir vill Déieren eng Qual. Dofir misst d'EU ophalen, dat zouzeloossen, fuerderen d'Jongbaueren.
Op RTL.lu an iwwert d'App kënnt Dir déi 3 Deeg vun der 13. Editioun vum Festival Elsy Jacobs live suivéieren.
D'Hollännerin huet sech mat enger Avance vun 3 Sekonne virum Leah Kirchmann aus Kanada duerchgesat.
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 796 geklommen ass.
D'Liewensmëttelsécherheet huet Warnunge fir 2 Produiten erausginn wéinst eventuelle Glasspläiter.
Wéi d'Police mellt, war e Chauffer en Donneschdeg den Owend e bësse méi schëtzeg op der N28 ënnerwee, wéi hien an eng Vitesskontroll geroden ass.
E Freideg war d'Auslousung vun de Gruppe fir d'Qualifikatioun vun der Futtball-Weltmeeschterschaft bei den Dammen.
Tëscht der Sortie Gréngewald a Kierchbierg war et Richtung Gaasperecher Kräiz een Accident tëscht engem Camion an engem Auto.
Bemierkenswäert, wéi d’Tessy Wies trotz all deene Schwieregkeeten hiert Liewe meeschtert,an eng schéi Karriär, op déi de Fonsi Grethen do zeréckkucke kann.
An der Lutte géint d'Drogekriminalitéit gouf en Donneschdeg de Moien op der Gare an zu Hollerech eng Kontroll duerchgefouert.
Hamilton a Co zeréck zu Portimão.
D'Impfunge stëmmen een optimistesch an hunn e staarken Impakt op de Virus, mä och d'Schnelltester kéinten zu méigleche weideren Ouverturë féieren.
Dëse Samschdeg gëtt déi 1. Finall tëscht Diddeleng an Houwald zu Diddeleng gespillt. RTL.lu weist de Match vun den Hären am Livestream.
Kommentare sinn op Englesch.
Sidd e Samschdeg vu 17.00 Auer u live dobäi bei der Dammen an der Häre FINALL an der Champions League vum Volleyball.
Etüde weisen, dass den Impfstoff fir Kanner an deem Alter héich wierksam ass an och wéineg Niewewierkungen huet.
D'Regionalbüroe vun der Organisatioun vum Kreml-Kriticker goufen e Freideg op d'Lëscht vun den "terroristeschen" Organisatioune gesat.