Datt vill Leit mental ënner der Kris leiden, ass kloer. De Manktem u soziale Kontakter, Existenz- Problemer, Zukunfts-Ängschten ...
Den LCTO huet zënter dem leschten Donneschden eng 250 Leit gezielt, déi sech an hirem Infozenter berode loossen oder eng Visitt gebucht hunn.
An de Katakombe vum Centre de la Jeunesse am Mariendall sinn am Ganzen 18 Projeten aus 6 verschidde Kategorië presentéiert ginn.
Vum 8. Abrëll un huet de Sozialminister Romain Schneider d'Délégation de signature fir de Gesondheetsministère.
Den F91 louch schonn no 13 Minutte mat 2:0 a Féierung, Hesper konnt de Réckstand awer ophuelen an de Match nach fir sech entscheeden.
Um Ouschterméindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 760 geklommen ass.
Am Alter vu 74 Joer ass dëse Weekend de Fransous Christian Debias an Tunesien un de Folge vun engem Hiereschlag gestuerwen.
De Ben Gastauer hat op der éischter Etapp am Tour duerch d'Baskeland als 104. e Retard vun enger Minutt a 47 Sekonnen.
En Dënschdeg ginn et 80 Joer, datt d'Nazie Griicheland an dat fréiert Jugoslawien iwwerfall hunn.
Den Abbas ass um Wee fir an Däitschland, wou hien nieft enger medezinescher Untersuchung och e Rendez-vous bei der Bundeskanzlerin Merkel huet.
D'Saisië goufen am Kader vun der Enquête géint de kryptéierte Kommunikatiounsreseau Sky ECC gemaach.
Den Najib Razak gouf wéinst Korruptioun zu enger Geldstrof an Héicht vu bal 42 Milliounen Euro an 12 Joer Prisong verurteelt.
Mam "Ingenuity" soll déi éischte Kéier an der Geschicht e motoriséierten Apparat iwwert de Mars fléien.
D’Plattform „Meng Landwirtschaft“ fuerdert beim Ausschaffe vum nationale Plang fir d’Fërderung vun der Landwirtschaft eng méi nohalteg Agrarpolitik.
Och dëst Ouschtere fält déi beléiften Eemaischen wéinst der Pandemie an d’Waasser, wat awer net heescht, dass ee keng Péckvillercher ze kafe kritt.
Obwuel alleguerten d'Restauranten zanter Enn Oktober zou hunn, sollen an nobele Lokaler zu Paräis Leit aus der "Upper Class" empfaange gi sinn.
Vun en Dënschdeg u rullt nees de Ball an der Champions League, dat da mam Optakt vun de Véierelsfinallen.
Am Saarland fänkt no Ouschteren de sougenannte "Modellversuch" mat enger Testflicht fir Lockerungen un.
An Indonesien kënnt et wärend der Reenzäit ëmmer nees zu Iwwerschwemmungen. Eréischt am Januar waren op der Insel Java 40 Persoune gestuerwen.
An England solle sech d'Leit geschwënn zweemol d'Woch op de Coronavirus teste loossen.
No hirer Wal am Parlament huet si zum Dialog mat Serbien opgeruff, fir d'Bezéiungen tëscht béide Säiten ze normaliséieren.
E Méindeg vun 19.30 Auer u kënnt Dir de Match tëscht F91 an Hesper am Livestream an der RTL Sport Live Arena suivéieren.
Seng konservativ Partei geet zwar de Prognosen no bei de Walen erëm als stäerkste Kraaft ervir. Si wier awer op e Koalitiounspartner ugewisen.
Um Keeler Potto hat et e Sonndeg den Owend géint 6 Auer gerabbelt. En Automobilist an e Motocyclist waren hei net laanschtenee komm.