D’Familljeministesch Corinne Cahen muss zrécktrieden, seet déi ganz Oppositioun an der Chamber. Si hätt hir Aarbecht net gemaach.
Bei der Suite vum 4. Spilldag am Titel-Playoff koum et am Spëtzematch zum Duell tëscht dem Leader Esch an dem Tabellenzweete Käerjeng.
Zanter engem Joer leeft am Tourismus weltwäit net méi vill, mee d'Loscht an de Besoin fir ze reesen, wäert wuel ni ausstierwen.
Nach dës Woch leeft eng Pilotphas a verschiddene Schoulen uechtert Land, wou een am Gaangen, ass éischt Erfarunge mat de Selbsttester ze sammelen.
Op wat muss een oppassen, fir a Frankräich, Däitschland oder an d'Belsch anzereesen?
Déi Lëtzebuerger Bank BGL BNP Parisbas huet zejoert een Nettoresultat vun 398 Milliounen Euro virgeluecht.
Dat seet de Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg, virun allem wat d'Lutte géint d'Kanneraarbecht ubelaangt.
D’Garer Leit hunn eng zimmlech haart Zäit hannert sech.
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 749 läit.
A 4 gréissere Clustere gouf et d'lescht Woch, also méi wéi 5 Fäll an enger Klass. 22 Schüler an een Enseignant ware betraff.
D’Bank huet dës RTL-Informatioun confirméiert. Se betount awer, datt Lëtzebuerg weider e "Schlëssel-Standuert" fir Pictet bleift.
En Donneschdeg kuerz no 14 Auer koum et bei enger Barrière zu Kautebaach zu engem Accident.
Bis haut hu sech mëttlerweil 6 Persoune mam Coronavirus am Prisong zu Schraasseg ugestach. Dat sot eis den Direkter vun der Prisongsverwaltung Serge Legil.
De Wirtschaftsministère stellt heivir an Zesummenaarbecht mam Fond national de la Recherche e Budget vu 5 Milliounen Euro.
Vun engem Cluster gëtt jo geschwat, wa méi wéi 5 positiv Fäll bannent 2 Woche festgestallt ginn.
De Gesondheetsministère huet d’Koordinatioun vun der Impfcampagne un „Arendt Business Advisory“ ausgelagert an net u Price Waterhouse Coopers.
Bei der RBC Luxembourg ass en Mëttwoch drëtte Sozialplang tëscht de Gewerkschaften LCGB, OGBL an Aleba an der Direktioun ënnerschriwwe ginn.
Déi lescht puer Deeg hunn nawell richteg Loscht op en Nomëtteg op der Terrass gemaach. Mir mussen awer oppassen, datt dat kee kuerze Spaass gëtt an d'Leit aus dem Horeca-Secteur d'Dëscher an d'Still net just fir e puer Deeg aus dem Keller schleefen, mengt d'Dany Rasqué an engem Commentaire.
An engem Video gesäit een, wéi eng Persoun d'Meedecher vun 3 a 5 Joer iwwert d'Grenzmauer hällt an se da fale léisst.
An der Suitte vum 4. Spilldag am Titel-Playoff treffen den Tabelleleader Esch a Käerjeng openeen.
Manifestante fille sech vis-à-vis vu Sport a Schoule benodeelegt a sinn enttäuscht vun der Horesca, well si net mat de Leit kommunizéieren.
Den däitsche Grupp SMS huet sech dem Lëtzebuerger Staat géigeniwwer engagéiert, 300 bis 350 Volltâchë bei Paul Wurth zu Lëtzebuerg ze erhalen.
D'Populatioun zu Lëtzebuerg ass 2020 wéinst der sanitärer Kris manner séier gewuess, dat mellt de Statec. Am Ganze liewen am Land 634.730 Persounen.
Zejoert huet de Lëtzebuerger Staat 207 Gefierer fir den ëffentlechen Déngscht kaf, iwwert d'Hallschent dovunner mat Verbrennungsmotor.
An zwee Joer ass d'Futtball-Weltmeeschterschaft vun den Dammen an Australien, respektiv an Neiséiland.