No engem 1:1, iwwert dee wuel d'Gäscht méi enttäuscht musse sinn, wéi d'Heemekipp, hu béid Ekippen nach all d'Méiglechkeeten, an d'Finall ze kommen.
447 Millioune Bierger aus de 27 EU-Memberstaate kréien d'Méiglechkeet, aktiv mat ze bestëmmen, wat d'Prioritéite vu Muer solle sinn.
Et wier eng relativ déif, ma kuerz Kris, esou de Finanzminister Pierre Gramenga bei der Presentatioun vum Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm an der Chamber.
Elo sinn d'Bierger opgeruff, hir Meenung zu de fënnef Projeten anzebréngen. Dës si bis de 14. Mee zu Bouneweg an der Rocade ausgestallt.
Zanter e Méindeg gëlle manner streng Restriktiounen an de Fitnesszenteren. Et kommen nees méi Memberen, ma iwwert de Bierg ass een nach laang net.
Där Meenung sinn d'Membere vun der Initiativ "Ëmwelterzéiung". D'Kanner aus der Schoulbänk ze kréien wier gutt fir d'Léieren, ma och fir d'Gesondheet.
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 791 bliwwen ass.
RTL-Informatiounen no huet de Centre National de recherche archéologique hannert der "Petite Marquise" Vestigen aus dem 7. Joerhonnert no Christus fonnt.
Um 11.45 Auer gouf zu Esch an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte eng Persoun vun engem Auto ugestouss.
Persounen tëschent 16 a 54 Joer kënne vun dëser Woch u mat enger Invitatioun rechnen, fir sech impfen ze loossen.
Wéi d'CFL matdeelt, gëtt et Problemer fir déi Leit, déi mam Zuch op Esch respektiv op Nanzeg fuere wëllen.
De Ministère wéilt sech awer beméien, fir dass déi ronn 250 Aarbechter kuerzfristeg hir Paie weider ausbezuelt kréien, heescht et vum Franz Fayot.
Et handelt sech ëm 6 gebierteg Russen an ee Georgier. 6 vun hinne goufen am Elsass festgeholl an een an der Auvergne.
Hien ass fréiere Member vun der Neonazi-Partei „gëlle Moiendämmerung" a krut just virdru seng parlamentaresch Immunitéit am Europaparlament opgehuewen.
Si gréisser Evenementer wéi Festivallen trotz Pandemie méiglech? Op déi Fro wollt een a Spuenien eng Äntwert kréien.
Um Dënschdegmoie koum et tëscht der Vugelsmillen an dem Mëllerdall zu engem Accident, bei deem e Camion gekippt ass.
Lëtzebuerg wëll als éischt Land an Europa de Cannabis legaliséieren an zwar bis d’Enn vun dëser Legislaturperiod 2023. Dat hat dës Regierung sech op de Fändel geschriwwen. Ma d’Coronapandemie kéint deem elo e Stréch duerch d’Rechnung maachen. Et géing nach dru geschafft ginn, mä duerch déi sanitär Kris kéim een net sou gutt virun, sot d’Gesondheetsministesch. Dobäi wär d’Legaliséierung e wichtege Schrëtt no vir, fënnt d’Annick Goerens a sengem Commentaire.
Wat an Zukunft mam Suessemer Schlass geschitt, ass nach ëmmer net kloer. Dat liest een an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro.
D'Kultur- an d'Inneministesch wëssen näischt vu Steeën, wou de Mobilier aus entweite Kierchen a Kapellen vum Kierchefong zu Geld gemaach gi wier.
"Et war eng grouss mënschlech Enttäuschung ze spieren", dat seet de Jean-Paul Espen, Vertrieder vum F91 Diddeleng an der Eca.
Youth for Climate erkläert an engem Communiqué, datt 6 Jonker a Portugal eng Plainte géint 33 Staaten, dorënner de Grand-Duché, gemaach hunn.
Wärend der leschter Woch goufen zu Lëtzebuerg ronn 260 Kontrolle gemaach, ob d'Covid-Reegelen agehale ginn.
Bayern München an RB Leipzig hunn en Accord fonnt, fir datt den Julian Nagelsmann um Enn vun der Saison als Bayern-Trainer kann ufänken.
Bayern München an RB Leipzig hunn en Accord fonnt, fir datt den Julian Nagelsmann um Enn vun der Saison als Bayern-Trainer kann ufänken.
D’EU-Kommissiounspresidentin Urusla von der Leyen huet e Méindeg am EU-Parlament eng éischte Kéier ëffentlech op de sougenannte „Sofagate“ reagéiert.