En Dënschdeg den Owend waren déi éischt Retourmatcher vun de Véierelsfinallen an der Champions League.
Et kënnt an der Lescht ëmmer méi dacks vir, datt Patienten, déi zu Lëtzebuerg wéinst Covid-19 hospitaliséiert sinn, an d'Ausland an e Spidol mussen.
Zanter 2018 schaffen d'Gemengeresponsabel vu Schëffleng un engem deementspriechende Plang.
Also net schonn den éischte Mee, wéi et bis ewell geplangt war, mee um 20. Anniversaire vun den Terrorattacke vum 11. September an den USA.
Eng Etüd vun der Uni Lëtzebuerg huet versicht erauszefannen, wat d'Sprooche sinn, déi am meeschten um Aarbechtsmarché zu Lëtzebuerg gefrot ginn.
Den US-President Joe Biden huet dem russesche Staatschef Wladimir Putin eng Entrevue proposéiert, dat mellt d'Wäisst Haus.
Well de Suez-Kanal deeglaang blockéiert war, freet Ägypten eng Entschiedegung. Als Ofsécherung gouf d'Containerschëff "Ever Given" sécher gestallt.
Bannent de leschten 2 Wochen huet d'Police ronn 600 Kontrolle gemaach, fir ze kucken, ob d'Leit sech un d'Coronamesuren halen.
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 777 geklommen ass.
Mat enger Sensibiliséierungscampagne wëll den Ëmwelt- an Agrarministère op d'Schied vum Plastik- a Glasoffall opmierksam maachen.
An den USA soll et a 6 Fäll 2 Wochen nom Sprëtze vum Vaccin vun Johnson&Johnson zu Thrombose komm sinn.
E Sonndeg huet de Leandro Barreiro an der Nospillzäit den decisiven 3:2 fir Mainz zu Köln geschoss an domadder senger Ekipp 3 wichteg Punkte geséchert.
D'Partie vum 18. Spilldag sollt e Mëttwoch den Owend gespillt ginn, ma gouf elo wéinst e puer Corona-Infektioune bei Wolz verluecht.
Fir Iwwerschneidunge mam Begriefnis vum Prënz Philip ze evitéieren, gouf de Qualifying vum GP vun der Emilia Romagna ëm eng Stonn no vir geréckelt.
Fir Iwwerschneidunge mam Begriefnis vum Prënz Philip ze evitéieren, gouf de Qualifying vum GP vun der Emilia Romagna ëm eng Stonn no vir geréckelt.
D’LGX Arena ass ee sougenannte "Multi-Plattform-Esports Circuit", dee gratis ass a wou jidderee matspille kann.
Et géingen däitlech Parallelle ginn zum Joer 2011, wéi de Biergerkrich a Syrien ugefaangen hat, sou d'Michelle Bachelet.
An der Pandemie ass schonn e puer Mol iwwer d'Thema vun der Transparenz geschwat ginn. Dee Problem ass awer net eréischt an der Krisesituatioun opkomm. D'Journalistinnen an d'Journalisten hei am Land fuerdere scho vill méi laang eng gréisser Transparenz an e méi einfachen Zougang zu Informatiounen. D'Monica Camposeo freet sech an sengem Commentaire vun haut, wisou dat nach ëmmer en Thema ass.
Um Méindeg hat ee Kleederbuttek op der Stater Gare de Brigang gemellt, dee schonn am nächste Geschäft amgaange war, Saachen matzehuelen.
D'Europäesch Ëmweltagence koum a rezenten Etüden zur Conclusioun, dass den Zuch déi eenzeg gutt Alternativ zum Fliger wier. Dat gefält der FLEAA awer net.
Éischten Informatiounen no waren am Ausgang vum Tunnel 4 Autoen an en Accident verwéckelt. De Réckstau goung bis op d'A1.
De CGDIS mellt ee Blesséierte géint 7.40 Auer um Dënschdeg de Moien zu Esch um Boulevard Prince Henri.
Den Adi Hütter verléisst Eintracht Frankfurt a sëtzt vun nächster Saison un op der Trainerbänk bei Borussia Mönchengladbach.
Vill vulnerabel Leit hätte sech gemellt a sech beschwéiert, datt am Impfzenter Certificate vum Hausdokter a medezinesch Antecedente net consideréiert ginn.
Eng Ännerung vum Gesetz iwwer den Infektiounsschutz gesäit vir, datt Leit an Däitschland sech op Ausgangsspären an zoue Butteker mussen astellen.