Donieft waren e Freideg den Owend nach den Anthony Moris an den Enes Mahmutovic mat hire Veräiner am Asaz.
An der Bundesliga huet Leipzig géint Hoffenheim 0:0 gespillt a Lille huet sech mat engem 1:1 géint Montpellier getrennt.
E Freideg den Owend gouf der Police eng gréisser Unzuel u Leit op der Kinnekswiss gemellt. Et geet ee vu ronn 150 Persounen aus.
Am Dezember 2020 gouf d’Scheedgen-Kierch offiziell desakraliséiert. Den neie Proprietär, d’Konsdrëffer Gemeng, muss d’Gebai elo mat Liewe fëllen.
Eng 1.100 Lëtzebuerger studéiere fir Dokter ze ginn. E groussen Deel vun hinnen ass scho géint de Sars-CoV-2 geimpft ginn, knapp d'Hallschent nach net.
Wien eng éischte Kéier mam brittesch-schweedesche Vaccin geimpft gouf, soll deen och fir déi zweet Dosis kréien, huet de Premier betount.
Mat 52 Joer huet d'Actrice Helen McCrory de Kampf géint de Kriibs verluer, wéi hire Mann e Freideg op Twitter matgedeelt huet.
Och mam Ëmgang mat de Schnelltester ass d'CSV net zefridden. D'Decisioun, fir sech fräiwëlleg fir den AstraZeneca-Vaccin ze mellen, gëtt awer begréisst.
D'Asti-Presidentin Laura Zuccoli huet op dem Fred Keup seng Aussoen als "Invité vun der Redaktioun" e Mëttwoch de Moie reagéiert.
D'Spiller vu Wolz musse bis den 21. Abrëll a Quarantän, dat wéinst positive Coronafäll.
Den ukrainesche President Volodymyr Zelensky huet en Appell gemaach u seng Homologen aus Russland, Däitschland an Frankräich.
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 785 bliwwen ass.
E Freideg de Moie koum et an der Lëtzebuerger Strooss zu Colmer-Bierg zu engem schroen Aarbechtsaccident.
Donieft gëtt et am Produit "HUSK Psyllium-Froskaller" vun der Mark Husk de Risk vu Salmonellen.
De Spuenier ass beim Versuch, sech säin 12. Titel beim Tournoi zu Monte Carlo ze sécheren, schonn an der 1/4-Finall gescheitert.
Am Februar haten d'Gemeng Jonglënster an HRS annoncéiert, e Memorandum of Understanding fir e pluridisziplinäre Gesondheetszenter ënnerschriwwen ze hunn.
Tëscht 2006 an zejoert krute 34,7 Prozent méi Leit Medikamenter géint Depressioune rembourséiert.
D’Regierung huet eisen Informatiounen no effektiv decidéiert, fir déi aktuell Covidmesuren nom 25. Abrëll ëm dräi weider Wochen ze verlängeren.
D'Verméige vu private Stéit a Form vu Boergeld, Wäertpabeieren, Dépôts bancairen oder Uspréch duerch Assurance läit Enn 2020 bei 6,95 Billiounen Euro.
En Donneschdeg zu Déifferdeng an e Mëttwoch zu Wolz hat d'Police éischter duerch Zoufall Leit gepëtzt, déi am Besëtz vun diversen Droge waren.
Eng Kläranlag ausbauen, well se ze kleng ass – dat ass eppes, wat méi einfach kléngt, wéi et ass.
20% Biolandwirtschaft bis 2025. Dat ass d'ambitiéist Zil vum Bioaktiounsplang, deen de leschte Mount virgestallt gouf.
Eng Sinusvenenthrombos z'entwéckelen, ass no enger Covid-Infektioun wesentlech méi héich wéi no enger Corona-Impfung oder enger Erkrankung mat Influenza.
Am Yemen si bannent zwee Deeg 96 Zaldoten a Rebellen bei der Schluecht ëm d’strategesch Stad Marib ëm d’Liewe komm.
Dat muss zwar nach confirméiert ginn, ma där Aschätzung ass awer de Chef vum US-Pharmakonzern Pfizer, den Albert Bourla, an engem Interview mat CNBC.