RTL-Informatiounen no huet hien dat en Donneschdeg dem Veräin aus der Forge du Sud matgedeelt.
En Donneschdeg den Owend waren d'Retourmatcher vun de Véierelsfinallen an der Europa League.
Zanter iwwer engem Joer dominéiert d'Angscht virum Virus eisen Alldag, mee déi geféierlechst Kränkt an éischt Doudesursaach zu Lëtzebuerg ass de Kriibs.
Zejoert war et de Lockdown, ma dëst Joer gëllen op ville Plazen an Europa an der Welt streng Rees-Restriktiounen.
D'Zil vu Jugendherbergen ass et, Leit aus der ganzer Welt zesummen ze bréngen an hinnen eng méi gënschteg Vakanzenalternativ ze bidden.
Den neie Porsche 911 GT3 Cup-Auto ass ronn 1 bis 2 Sekonne méi séier, wéi den alen Auto. Den Dylan Pereira kämpft och dës Saison gären ëm den Titel.
Dat huet Médecins sans frontières op enger Pressekonferenz betount, bei där et ëm d'Corona-Pandemie am südamerikaneschen Land gaangen ass.
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 785 geklommen ass.
Mat Hëllef vun engem opmierksamen Zeien konnt eng Fra verhaft ginn, déi verdächtegt gëtt, an en Haus an der Fiels agebrach ze sinn.
Den US-President Joe Biden hält weider u senger Iddi fest, e Sommet mat sengem russeschen Homolog Wladimir Putin z'organiséieren.
De Prisong zu Schraasseg ass an engem "partielle Lockdown". Dat deelt d'Prisongsverwaltung mat.
No der Gebuert vun hirem zweete Kand huet d'Mandy Minella en Donneschdeg hiren éischten offizielle Match gespillt.
D'Jeeër kréien eng Ausnam gemaach an däerfen lo och wärend der Zäit vum Couvre-feu op d'Juegd.
De Serbe ass iwwerraschend vum Britt Daniel Evans eliminéiert ginn.
An der Nuecht vum 13. op de 14. Abrëll gouf an der Gemeng Préizerdaul an der Rue de la Mairie zu Biebereg agebrach.
A villen europäesche Länner leeft vum 19. bis 25. Abrëll d'Campagne "Speed", un där och Lëtzebuerg sech bedeelegt.
Duerch d’Corona-Vaccine gëtt an der Lescht immens vill iwwert Thrombose geschwat, déi jo beim Impfstoff vun Johnson&Johnson an och bei AstraZeneca eng rar Niewewierkung kënne sinn.
Ëmmer méi Leit géife bei der Patientevertriedung uruffe well se veronséchert sinn, nodeems en Attest vun hirem Dokter am Impfzenter net respektéiert gouf.
Den Europäesche Geriichtshaff huet en Donneschdeg eng Klo vun Holland ofgewisen.
Een 32 Joer ale Kosovar gouf wéinst engem europäeschen Haftbefeel en Donneschdeg de Moien u Lëtzebuerg ausgeliwwert.
Ronn 3 Méint virum geplangten Optakt vun den Olympesche Spiller zu Tokio ginn et aus den héchste japanesche Regierungskreesser op en Neits Zweiwel.
D'Decisioune vun de leschte Woche wieren déi richteg gewiescht, huet den Educatiounsminister en Donneschdeg virun der Press betount.
An enger urgenter parlamentarescher Fro wollt d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen méi iwwert der Regierung hir Schnelltest-Strategie gewuer ginn.
Gutt Nouvelle deemno fir d'Proprietären, mee schlecht Nouvelle fir d’Locatairen an der däitscher Haaptstad.
De Regierungsrot ass e Freideg beieneen, fir ënnert anerem ze decidéieren, wéi et mat de Covid-Restriktioune soll virugoen.