D'Karateka Jenny Warling huet sech virun de Feierdeeg um Training um Kräizband blesséiert.
En Dënschdeg den Owend war de President vun der Fedamo dann och eisen Invité am Journal vun der Tëlee.
Nodeem op verschidde Problemer am Projet de Loi higewise gouf, huet den zoustännege Ministère mat der Landwirtschaftskummer dësen iwwerschafft.
11 Dammen a 16 Hären gi fir d'LSAP Stad mat an d'Gemengewalen. D'Altersmoyenne läit bei 43,5 Joer.
Deels sëtzen d'Déieren zu Honnerten a Kolonien zesummen an hannerloossen op ville Plazen an der Stad hire Knascht.
Ëm Hallefnuecht ginn et beim Diesel, 95er, 98er a Masutt Haussë vu bis zu iwwer 6 Cent de Liter.
E Samschdeg waren d‘Vertrieder vun de véier gréisste Lëtzebuerger Jugendparteien an eiser Emissioun Background am Gespréich. Dat waren déi Jonk Demokraten vun der JDL, déi Jonk Gréng, déi Jonk Sozialisten an d'CSJ, déi Chrëschtlech-Sozial Jugend. An do dierft sech awer nawell den een oder anere gewonnert hunn, dass effektiv vu "Jugend" rieds ass. Keng Kritik um System, net vill nei Iddien a generell wuel kee Plang, wat "Jonk sinn" haut iwwerhaapt heescht, kritiséiert d'Annick Goerens haut an hirem... Читать дальше...
Béid Dealer goufen am Kader vun enger Aktioun géint d'Drogekriminalitéit am Garer Quartier gepëtzt.
An der Affär ëm Verontreiung vu Suen zu Hesper waren en Dënschdeg d'Plaidoirie vun den Affekote vun den zwee Ugekloten.
Déi sougenannten "Doomsday Clock" ass eng Metapher, déi ausdrécke soll, wéi kuerz d'Mënscheet virdru steet, sech selwer ze vernichten.
Gesondheet, Klima, Finanzen an Bildung: Véier Themen, déi fir eng Gesellschaft wichteg sinn, virun allem well se permanent am Wandel sinn.
E Member vum Schäffen- a Gemengerot soll als Delegéierte bei sämtleche regionale Syndikater, Büroen a Comitéë revoquéiert ginn.
Am RTL-Podcast "Drëtt Hallschent" huet de Futtball-Nationaltrainer Luc Holtz gesot, datt d'Dier fir den Olivier Thill ënnert him als Nationaltrainer zou wier.
De Remboursement vun der Psychotherapie huet keng legal Basis. Zu där Conclusioun kënnt de Staatsrot a sengem Avis.
"La valise rouge" vum Lëtzebuerger Realisateur Cyrus Neshvad ass an der Kategorie vum beschte Kuerzfilm nominéiert ginn.
Schonn de leschte Freideg hat d'Gemeng Hesper de Rapport, dee PWC am Zesummenhang mam Detournement vu Gelder an der Gemeng geschriwwen hat, verëffentlecht.
D'Bankegewerkschaft verweist op d'Accorden, déi de Grand-Duché mat Frankräich a mat der Belsch fonnt huet.
Den 68 Joer ale Portugis huet säi Stull bei der portugisescher Nationalekipp missten nom Out op der WM am Katar raumen.
D'US-Amerikanerin huet op en Neits Geschicht geschriwwen. Am Schi Alpin huet d'Shiffrin um Kronplatz an Italien de Riseslalom gewonnen.
Zënter dem Ufank vun der Impfcampagne géint Covid-19 goufe Kriibspatienten, déi besonnesch ufälleg fir de Virus sinn, dozou incitéiert, sech impfen ze loossen. Ierféierend Publikatiounen an de sozialen Netzwierker stellen en Zesummenhang tëschent dëser Impfung an der Reaktivéierung vu Kriibserkrankungen a ganz aggressiver Form hier. Verschidden Internetnotzer behaapten esouguer, dass dësen "Turbo-Kriibs" haut d'Majoritéit vun de Kriibserkrankungen ausmécht. Dës Behaaptunge sinn no der Usiicht vu verschiddenen Experten... Читать дальше...
Wann ee sech déi rezente Wanteren ukuckt, kann ee sech d'Fro stellen, ob mer an Zukunft nach vill Schnéi zu Lëtzebuerg wäerte kréien.
Zejoert kruten zu Lëtzebuerg 513 Patienten eng Mastektomie gemaach, eng Operatioun, bei där eng oder béid Brëscht amputéiert ginn.
Zanter de Moien a bis viraussiichtlech 16 Auer ass d'Collectrice tëscht Helleng a Fréiseng komplett gespaart.
D’Gare de L’est zu Paräis war de ganze Moien blockéiert, no engem Problem mat der Elektronik. Et dierft nach daueren, bis de Problem behuewen ass.
Mëtt Abrëll wäerten um Pôle d'échange zu Rodange 1.600 Parkplazen opgoen an zu Miersch geet den neie Park&Ride mat 400 Plazen am Summer op.