En Dënschdeg den Owend gouf zu London am Alexandra Palace d'Finall vun der 30. Darts-Weltmeeschterschaft gespillt.
E Mëttwoch den Owend um 17.30 Auer koum et op der N11 zu Jonglënster zu engem Accident. D'Strooss ass deels blockéiert.
Am Grand-Duché ginn et ronn 50 Miwwelgeschäfter, ongeféier 20 dovu si Lëtzebuerger Familljebetriber. Deen Undeel kéint an Zukunft weider no ënne goen.
Vun Hallefnuecht u gëtt et eng Hausse beim Bensinn.
Den 10 Joer alen Nam konnt nach net gebuerge ginn, mee d'Autoritéiten hunn d'Hoffnung opginn, hie lieweg erëmzefannen. Hie gouf elo fir dout erkläert.
Op enger Pressekonferenz ass ee gewuer ginn, datt no den zwee Pandemiejoren 2022 nees méi Leit aus Krisen- a Krichsregiounen op Lëtzebuerg geflücht sinn.
De leschte Mount goufen 18 Prozent vum Gas hei am Land agespuert, dat par Rapport zum nämmlechte Mount vum Joer 2021.
Géint de Buergermeeschter vu Metz gëtt eng Prisongsstrof mat Sursis vu 6 Méint gefrot, sou wéi eng Geldstrof vun 20.000 Euro.
Den Trajet tëscht dem Roude Pëtz an dem Fëschmaart ass lo offiziell fir d'Foussgänger reservéiert. Vum 9. Januar u gëllt déi nei Reglementéierung.
D'Selektioun vum berüümte Museksmagasinn fir d'Joer 2022 kënnt net iwwerall gutt un.
Am Kontext vun der Energiekris a wärend d'Fransousen ermontert ginn, Energie ze spueren, gouf op Facebook e Video vun iwwer 54.000 franséischsproochegen Notzer gedeelt, dee behaapt, en "Trick" ze weisen, wéi ee Batterien onendlech laang "opluede" kéint, andeem ee se a kachend Waasser daucht.
Mat de Fräiloossunge gëtt de 75. Anniversaire vun der Onofhängegkeet vum Land markéiert.
E Mëttwoch de Mëtteg stoung zu Innsbruck um Bergisel dat drëtt Sprange vun der Véierschanzentournée um Programm.
Am Slalom bei den Dammen zu Zagreb huet d'Mikaela Shiffrin hir 5. Victoire hannerteneen ugepeilt.
A Somalia sinn 19 Mënsche bei engem duebelen Attentat gestuerwen. An der Stad Mahas am Zentrum vum Land sinn zwee Autoe gläichzäiteg explodéiert.
De Mann gëtt zanter dem 23. Dezember zejoert vermësst. Op dësem Dag gouf hie fir d'Lescht zu Esch-Uelzecht an der Kanalstrooss gesinn.
Dat äntwert de Premier Conseiller am Educatiounsministère am RTL-Interview op d'Aussoe vum President vun der Elterevertriedung.
Op der däitscher Autobunn A4 a Sachsen war eng 82 Joer al Automobilistin e Mëttwoch de Moien an der falscher Richtung op der Autobunn ënnerwee.
Zanterdeem Cannabis an den USA legal ass, kënnt et ëmmer méi dacks zu Fäll, an deene Kanner Produiten iessen, an deene Cannabis ass.
Mat eiser neier Webpush-Funktioun, bleift Dir ëmmer um Lafenden a kritt mat, wann en Artikel, deen Iech interesséiert, op RTL.lu publizéiert gëtt.
E Mëttwoch de Moie waren d'Chamberwalen 2023 Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
En Donneschdeg gëtt de Poopst Benoit XVI begruewen. De Lëtzebuerger Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich wäert un der Zeremonie deelhuelen.
En Dënschdeg den Owend eiser Zäit sollt am US-Representantenhaus en neie Speaker gewielt ginn. D'Wal ass no 3 Tier ouni Resultat op en Enn gaangen.
D'EU beréit dann och en Donneschdeg iwwert den Ëmgang mat Mënschen, déi aus China areesen. Frankräich a Spuenien plädéiere fir esou Tester.
Zanter dem 30. Dezember zejoert si 54 Fleeger an Infirmiere vum Spidol am Krankeschäin, well se iwwerlaascht sinn.