En Dënschdeg den Owend gouf zu London am Alexandria Palace den neien Darts-Weltmeeschter gesicht.
De lokale Parquet vun der Regioun Boucle du Mouhoun huet matgedeelt, datt "déi meescht Affer, alleguer Männer, erschoss goufen".
Zanter 2 Wochen ass Bastia dem Florian Bohnert seng nei Heemecht.
D'Stocke vun de Bluttspende sinn de Moment guer net gutt, seet d'Andrée Heinricy, Doktesch am Blutttransfusiounszenter vun der Croix Rouge.
Nodeems déi däitsch Verdeedegungsministesch wéinst engem Video op Silvester an d'Kritik gerode war, fuerderen d'Presidente vun CDU an CSU hire Récktrëtt.
D'Banke warnen an dem Kontext viru falsche Mailen, SMSen an Appeller.
Ablécklech schaffen d'Sozialservicer vun de Gemengen Esch a Keel Hand an Hand, fir no Léisungen ze sichen.
Am Neijoerschinterview op RTL-Télé huet de Premier Xavier Bettel dezent Kriticken un LSAP an déi Gréng placéiert. Déi weise sech deels liicht irritéiert.
2023 ass e Superwaljoer mat de Gemengewalen am Juni an de Chamberwalen am Oktober.
"Frankräich a Schweden féieren de Wee fir Europa méi gréng ze maache mat stabeler, net-fossiller Atomenergie."
D'CSV-Sektioun aus der Gemeng Wolz huet hir Lëscht fir d'Gemengewalen am Juni virgestallt.
De Bouf ass zanter e Samschdeg am Schacht gefaangen. De lokalen Autoritéiten no wier net kloer, ob hien nach lieft.
An der aktualiséierter Weltranglëscht vun der Internationaler Dëschtennis Federatioun hu sech d'Lëtzebuerger Spiller am Allgemenge verbessert.
Et ass déi 1. Demande am Kader vum Plang fir d'Reprise an d'Resilienz, dee sech an den europäesche Relance-Programm "Next Generation EU" aschreift.
Wéi d'Police mellt, koum et zu zwee Virfäll op eise Stroossen, allkéiers war Alkohol am Spill.
Déi italienesch Garde-côtes hunn en Dënschdeg endlech 50 Flüchtlingen aus dem Mier gerett, nodeems dës scho vun e Sonndeg u sëllegen Appelle gemaach haten.
D'Statistescht Bundesamt an Däitschland huet matgedeelt, dass bei eisem däitschen Noper an all Véiertem Stot e Fitnessgerät steet.
Den Itamar Ben-Gvir hat dat ugekënnegt an huet et och duerchgezunn. Fir d'Palestinenser ass dat eng ferm Provokatioun.
Beim National Junior Race zu Telfs an Éisträich wënnt d'Lëtzebuergerin an enger Zäit vun 1min41.73 virum Madeleine Beck aus Liechtenstein (+0.58).
Beim National Junior Race zu Telfs an Éisträich wënnt d'Lëtzebuergerin an enger Zäit vun 1min41.73 virum Madeleine Beck aus Liechtenstein (+0.58).
En Dënschdeg de Moie war d'Schoul Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
All Dag ginn am Schnëtt 6 Schüler pro Lycée bei de schoulpsychologesche Service SePAS. Bei de Grënn heifir sti Gewalt a Mobbing op der 3. Plaz.
Am Match géint d'Cincinnati Bengals hat de Footballprofi Damar Hamlin vun de Buffalo Bills en Häerzstëllstand an huet mussen um Terrain reaniméiert ginn.
De Batteur vun der Band "Earth Wind and Fire" ass am Alter vun 67 Joer gestuerwen,