Déi Gréng soten, si hätten de Courage fir Dossieren unzepaken, déi aner Leit Joerzéngte laang schleefe gelooss hunn.
De Grupp CFL huet Parte vun der Bedreiwer-Gesellschaft vum Mäerter Hafe kaf.
Dat huet de Futtballclub aus dem Süde vu Lëtzebuerg e Méindeg den Owend am Kader vun enger Pressekonferenz matgedeelt.
Den neie Radar kënnt an d'Briddeler Strooss an d'Entrée vu Bäreldeng stoen, do wou Tempo 50 erlaabt ass.
Ongeféier all fënnefte Patient, deen am nationalen Häerz-Zenter INCCI an der Stad wéinst engem Häerzinfarkt behandelt gëtt, ass eng Fra.
D'Bankzënse sinn an de leschte 6 Méint ëmmer erëm ugehuewe ginn. Dat huet en direkten Afloss op de Wunnengsmaart.
Am Fong gesinn en Duathlon mat Schwammen a Lafen, kuerz Distanzen, awer mat Serien, Véierels-, an Halleffinallen an enger Finale fir déi Bescht.
De Sportminister ass am Gaangen un engem Konzept ze schaffen, fir de Lëtzebuerger Veräinssport weider no vir ze bréngen.
E Méindeg war den Didier Reynders zu Lëtzebuerg. Mat Bléck op de Korruptiounsskandal am EU-Parlament huet hien d'Bedeitung vun der Justiz ënnerstrach.
E knappt halleft Joer virun de Gemengewale gouf um Méindeg nach eng nei Conseillère an der Stater Gemeng vereedegt.
Ëm Hallefnuecht ginn et beim Diesel a Masutt Haussë vu bis zu iwwer 3 Cent de Liter.
Zwee Beamte vun der Gemeng Hesper haten d'lescht Joer zouginn, ëffentlech Gelder verontreit ze hunn. De Parquet hat am Juli 2019 Ermëttlungen ordonéiert.
Nach ier den Tennistournoi zu Down Under ugefaangen huet, muss de Lokalmatador Nick Kyrgios Forfait erklären. De Rafael Nadal wënnt iwwerdeems a 4 Sätz.
Nodeems e puer Joer hannerteneen d'Zuel vun de Journalisten, déi ëmkomm sinn, erofgaangen ass, klëmmt dës Zuel 2022 der Unesco no nees weltwäit.
Wann ee sech an Däitschland mam Corona-Virus infizéiert a sech aus der Isolatioun fräiteste wëllt, muss een den Test vun e Méindeg u selwer bezuelen.
Glat Stroossen ass wuel den Albdram vun all Automobilist. Wéi reagéiert ee richteg, wann de Won sech op eemol selbststänneg mécht?
Net schlecht gestaunt hunn d'Beamte vun der däitscher Police, wéi se um Sonndegmoien an der Géigend vu Cuxhaven 12 Leit an engem Auto entdeckt hunn.
E grousse Star vun der italieenescher Filmzeen ass am Alter vu 95 Joer vun eis gaangen. D'Gina Lollobrigida war international bekannt a beléift.
Wärend de Protester zu Lützerath hate sech zwee Aktivisten deeglaang an engem Tunnel verschanzt. Elo hu si sech iwwerzeege gelooss, d'Besetzung opzeginn.
Tëscht Mëtt Oktober an Enn Dezember huet d'Police den techneschen Zoustand vun den Autoe kontrolléiert. An 1.360 Fäll gouf eng Strof ausgeschwat.
Well den 20 Joer ale Mann Fleesch a Kéis derbäi hat ouni dat ze deklaréieren, musst hien d'Land erëm verloossen. Derbäi muss en 2.125 Euro Strof bezuelen.
E Samschdeg am Nomëtteg war zu London aus engem fuerenden Auto op d'Gäscht vun engem Trauer-Gottesdéngscht geschoss ginn.
Eng ugespaante Situatioun gëtt et um Immobiliëmarché schonn zënter Joren. An engem Joer ass d'Baue vu Wunnhaiser knapp 16 Prozent méi deier ginn.
Invité am Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk" ass dës Woch de Sportminister Georges Engel.
Am September 2022 waren eng 6.500 Leit bei der Adem ageschriwwen, déi schonn zanter engem Joer oder méi laang no Aarbecht sichen.