An enger feierlecher Zeremonie iwwergëtt de Generol Alain Duschène en Dënschdeg um Härebierg d'Leedung vun der Arméi un de Generol Steve Thull.
Zwou Wochen éischter wéi geplangt, konnt de 25. September d'N10 tëscht der Doosber-Bréck a Maarnech nees opgemaach ginn.
Wéi Mainz op Twitter mellt, muss den Achim Beierlorzer no 2 Néierlagen aus 2 Matcher an dem Streik, wéinst dem degradéierte Buteur Adam Szalai, goen.
Zu Dikrech an zu Diddeleng waren zwee alkoholiséiert Chauffeuren ënnerwee. Deen ee krut de Führerschäin ofgeholl, deen anere gouf protokolléiert.
D'Déier huet d'Fra attackéiert, wéi si de Käfeg vum Déier wollt botzen.
Vum 1. Oktober u lancéiert de Statec, zesumme mat der Lëtzebuerger Police, eng Enquête iwwer d'Sécherheet am Grand-Duché.
Joerzéngte laang war Gorleben de Favorit bei der Sich no engem Endlager fir héichradioaktiven atomaren Offall.
Dat fir de Präis vun 1,4 Milliarden US-Dollar, un d’Firma Cleveland Cliffs.
All Méindeg gëtt et eng nei Episod mat Invitéen aus der nationaler an internationaler Sportswelt.
Den Direkter vun der Santé war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
D'Police zu Tréier hat en éischter ongewéinlechen Asaz an der Nuecht op e Méindeg.
Den Tribunal administratif huet e Recours géint eng Decisioun vum deemolege Minister fir bannenzeg Sécherheet vu Juni 2018 als justifizéiert ugesinn.
Dat seet den Expert an der Virologie, de Professer Claude Muller vum Luxembourg Institute of Health am RTL Interview.
De Bistum hätt et bei der Vente vum Grupp un déi belsch Mediahuis verpasst, existenziell Schutz-Klausele fir d'Personal auszehandelen, esou den LCGB.
Miami Heat huet sech an der Nuecht op e Méindeg duerch eng 4-2 Victoire an der Série géint Boston den Titel am Osten geséchert.
Déi international Communautéit fuerdert eng séier De-Eskalatioun no der militärescher Konfrontatioun am Süd-Kaukasus tëscht Armenien an dem Aserbaidschan.
Den Donald Trump huet am Waljoer 2016, an dat éischt Joer als President, also 2017, quasi keng Steiere bezuelt.
D'ESCP ass d'Ecole supérieure de commerce de Paris, an ass déi eelste Wirtschaftsschoul op der Welt.
9 Méint nom Ausbroch vum Coronavirus a China, gëtt et elo méi wéi 1 Millioun Doudesaffer op der Welt, déi covid-liéiert sinn.