E Freideg den Owend war an der Bundesliga den Optakt vum 2. Spilldag. Och a Frankräich ass de Ball gerullt.
E Freideg den Owend ass e Militärfliger vum Typ Antonow AN-26 am Oste vun der Ukrain erofgefall.
Gewalt am Stot ass och hei am Land eng Realitéit. Ma vill driwwer geschwat, gëtt net.
Déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz ass zënter e Mëttwoch Presidentin vun der 1. Europäescher Enquêtëkommissioun "Déierentransporter".
Zanter e Freideg de Mëtteg 16 Auer gëllt déi nei Reegel, dass d'Lëtzebuerger net méi wéi 48 Stonnen an d'Belsch eriwwer dierfen.
D'24-Stonne-Course um Nürburgring hat jo wéinst der Corona-Pandemie musse verréckelt ginn, a gëtt elo um Weekend vum 26. op 27. September gefuer.
Et war sech ewell um Mëttwoch erwaart ginn, e Freideg den Owend ass et dann de Fall: och den RKI setzt Lëtzebuerg nees op d'rout Lëscht.
De Fabien Engelmann vum Rassemblement national war am Januar tëscht dem Rond-point Gluck an dem Tunnel Albert Bousser an der Stad ugehale ginn.
Dat sinn e puer vun de Fuerderungen, déi den SNE e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz fir d'Rentrée virgestallt huet.
E Samschdeg ass de Kommissär fir Aarbecht a Soziales eisen Invité vun der Emissioun "Background am Gespréich".
E Samschdeg um Hallefnuecht geet de Maximalpräis vum Liter 95er ëm 1,3 Cent erof op dann 1,099 Euro.
Op der Pressekonferenz vum Claude Meisch an der Paulette Lenert war och gewuer ze ginn, datt et zanter der Rentrée 113 Fäll a Schoule gouf.
Et gëtt een interessante Wiessel am spuenesche Futtball-Championnat.
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
Fir d'Drogekriminalitéit zu Lëtzebuerg anzedämmen, hunn d'Beamte vun der Police en Donneschdeg den Owend eng Partie Kontrollen op der Gare gemaach.
Den Italiener hat op de knapp 32 Kilometer eng Avance vu 26 Sekonnen op de Belsch Wout van Aert an 29 Sekonnen op de Schwäizer Stefan Küng.
De Kollektiv "Save Co-Housing in Esch" hat zu dësem Rassemblement opgeruff.
D'Lëscht mat de Risikolänner a -gebitter fir d'Schwäiz gouf adaptéiert. Déi nei Aklasséierung gëllt vun e Méindeg un.
Wéi de Global Financial Centres Index schreift, ass de Grand-Duché op en Neits uewen am Ranking vun de wichtegste Finanzplazen an Europa vertrueden.
Vum 25. September u sinn nees déi traditionell Réiser Päerdsdeeg. De 26. a 27. gëtt op RTL.lu an op den Appen d'Turnéier am Livestream gewisen.
E Freideg sinn d'Klimaaktivisten nees op d'Stroossen demonstréiere gaangen. Vun Australien bis Island waren eng 3.000 Demonstratioune geplangt.
En Donneschdeg huet d'Bundespolizei an der Grenzregioun mat Lëtzebuerg méi Kontrolle gemaach.
Den norwegesche Palais huet e Freideg wësse gedoen, dass de Kinnek Harald V huet missen an d'Klinik bruecht ginn. De Grond gouf awer net matgedeelt.
Zu Paräis goufe bei enger Messerattack zwou Persoune blesséiert, eng dovunner méi uerg.
Et gi mam Tornado an dem Club vu Beefort zwee Äishockeyveräiner hei zu Lëtzebuerg.