Wéinst de Corona-Zuelen déi iwwerall an der EU klammen, ass d'Lëscht vu Risikolänner an Däitschland méi grouss ginn.
Ënnert anerem kritiséiert de Vizepresident vun der AMMD, dass vill falsch Informatiounen iwwert de Secteur gestreet.
Fir Diddeleng leeft et den Ament am Futtball-Championnat richteg gutt. Trotz dem groussen Ëmbau bleift een och am 4. Match weider ongeschloen.
E Mëttwoch den Owend huet Dynamo Kiew den Allersmatch an de Playoffs mat 2:1 zu Gent gewonnen.
D'Héichrisikogebitt ass dee leschten Niveau virum sanitären Etat d'urgence.
Beim 1. FSV Mainz 05, dem Veräin vum Leandro Barreiro, gëtt et aktuell déck Loft an dat wéinst der Suspendéierung vum Stiermer Adam Szalai.
Déi franséisch Chansonsängerin a Schauspillerin ass mat 93 Joer gestuerwen.
Iwwert de Summer gouf am Educatiounsministère eng nei Formatioun ausgeschafft. Zanter e Mëttwoch kënne sech Interesséierter aschreiwen.
Eng Null-Offall-Strategie fir Lëtzebuerg huet d'Ëmweltministesch e Mëttwoch presentéiert.
Den 31. August 2020 waren 18.525 Awunner aus dem Grand-Duché op der Sich no enger Aarbecht. Dovunner waren 3.945 Persounen tëscht 16 an 29 Joer al.
Wat an Däitschland den Duden ass an a Frankräich de Larousse, dat ass hei zu Lëtzebuerg den LOD.
Et gouf e Mëttwoch den Owend eng Sécherheetslandung vun engem Luxair-Fliger, deen u sech ënnerwee war fir vu Stockholm op de Findel ze fléien.
Um Dag nom Aus fir d'Jugurtsfabrick Fage gouf sech e Mëttwoch um Tribunal administratif mat engem anere geplangte groussen Industrieprojet befaasst.
Vun e Freideg 16 Auer u muss jiddereen, dee sech vu Lëtzebuerg an d'Belsch deplacéiert a méi ewéi 48 Stonne wëll do bleiwen, e Formulaire ausfëllen.
D'Quarantän an der Schoul mat der Autorisatioun, fir awer schaffen ze goen, muss nach eng Kéier vu Grond op analyséiert ginn.
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
Virzejoert hunn déi 27 Memberstaate ganzer 50,7 Milliarden Euro op den Dësch geluecht, fir d'sportlech Aktivitéiten ze fërderen.
D'Zuel vun Neiinfizéierten ass an der Woch vum 14. bis den 20. September op 672 Residentë geklommen. Déi Woch virdru waren et der 282.
Wéinst engem Accident tëscht 2 Camionen am Tunnel Houwald op der Tréierer Autobunn gëtt et um Mëttwoch am Nomëtteg ee Stau vu 10 Kilometer.
Am Regierungsrot vum 23. September gouf d'Nathalie Jacoby als Nofollgerin vum Claude D. Conter proposéiert.
De Message vum Premier Xavier Bettel um Mëttwoch um Briefing nom Ministerrot war kloer. Déi sanitär Reegele gi weder verschäerft, nach gelackert.
Ob et elo gutt oder schlecht ass, dass Fage net op Lëtzebuerg kënnt, sief dohigestallt. Wat sech d'Politik awer muss froen, ass, wat dat fir d'Zukunft vum Industrie-Standuert Lëtzebuerg bedeit an ob mer et eis leeschte kënnen, eng pseudo "gréng Industrie-Politik" ze maachen, fënnt de Roy Grotz a sengem Tëscheruff.
E Mëttwoch de Moie géint 5 Auer ass d'Police an d'rue de Chicago an der Stad gefuer, wéinst engem Abroch-Alarm.
All Dag consomméieren iwwer 300.000 Leit d'RTL-Medien zu Lëtzebuerg. Zesumme schreiwen d’Tëlee, de Radio an den Internet nei Rekord-Zuelen.
Touristen aus Däitschland, Éisträich an der Schwäiz hunn am Zesummenhang mam Corona-Ausbroch zu Ischgl op Schuedenersatz geklot.