Zanter ugangs der Woch si schonn eng Partie Wënzer op der Musel mat der Drauwelies amgaangen, gutt zwou Wochen éischter wéi soss.
D'Zil vu Miersch ass kloer, mä dat selwecht Zil hunn och nach Péiteng, Dikrech, Schëffleng an de Standard. Si wëllen déi 6. Plaz am Titelgrupp.
D'Traditioun vun der Fouer zu Lëtzebuerg gëtt et zanter 1340.
De Maximalpräis fir de Liter 95er Bensin geet e Freideg um Hallefnuecht ëm 1,5 Cent erof op dann 1,091 Euro de Liter.
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
Wéi hiren Agent Simon Beresford en Donneschdeg matgedeelt huet, ass déi brittesch Actrice Diana Rigg am Alter vun 82 Joer verscheet.
218 Kilometer stoungen en Donneschdeg op Programm, wéi et vun Chauvigny op Sarran Corrèze gaangen ass. Et war déi längsten Etapp vun dësem Tour.
De Fausto Masnada ass op der Etapp, déi iwwert 194 Kilometer vun Terni op Cascia gaangen ass, deen Zweete ginn. De Michael Woods bleift Leader am General.
Aus enger Etüd vun der Ëmweltorganisatioun WWF geet ervir, dass d'Zerstéierung vun der Déierewelt an de leschte 50 Joer rasant zougeholl huet.
Géint 12.20 koum et op der Escher A4 a Richtung Stad op der Héicht vu Féiz zu engem Accident tëscht engem Camion an engem Auto.
Zanter Jore versicht d'EU-Kommissioun, d'Verbreedung vu Fake News an Haasskommentaren am Internet z'ënnerbannen.
Zesumme mat 81 aneren Natioune wier ee bereet déi zukünfteg Challengen am Esport unzegoen an de Beräich matzegestalten.
Zu Beirut am Hafe sinn zanter en Donneschdeg de Mëtteg Läschaarbechten am Gaangen, well ee Feier ausgebrach ass.
Wéinst der Kris riskéieren op de Lëtzebuerger Sitten vun ArcelorMittal, bis zu 570 Aarbechtsplazen ofgebaut ze ginn.
Vum 5.-9. September war eng Selektioun vum Lëtzebuerger Jugendkader beim Dëschtennis-Tournoi a Frankräich am Asaz a konnt och eng Partie Medaile gewannen.
D'Biodiversitéit zu Lëtzebuerg ass an enger alarmanter Situatioun. Dat sot den Ëmwelt-Observatoire e Mëttwoch am Kader vun engem Rapport iwwert d'natierlech Liewensraim vu wëllen Déieren a Plazen. Soulaang de Mënsch d'Ëmwelt zerstéiert, dierf e sech net wonneren, datt Pandemië souzesoen zum neien Alldag ginn, mengt d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.
No der Feier-Katastroph am Flüchtlingslager Moria op Lesbos ass Lëtzebuerg bereet, fir ze hëllefen a jonk Refugiéeën opzehuelen.
Den däitsche Betrib Rheinmetall krut vun der ungarescher Regierung eng Bestellung fir 218 "Schützenpanzer Lynx" an 9 "Bergepanzer".
Am Kader vum bundeswäite "Warntag 2020" hunn déi däitsch Autoritéiten en Donneschdeg den Eeschtfall geprouft.
An der Nuecht op en Donneschdeg koum et zu Ettelbréck zu engem Sträit tëscht enger Koppel, bei där de Mann mat engem Messer blesséiert gouf.
De Jost-Grupp géing all 2 Wochen e Fluch charteren, fir 180 rumänesch Aarbechter an d'Belsch ze bréngen, déi da fir si op de Camione fueren, sou den LCGB.
Jonker a Kanner stäerken, fir hiert Wuelbefanne suergen an Zukunftschancë schafen. Dat ass dat erkläerten Zil vum neie Programm vum Educatiounsminister.
E Mëttwoch hat RTL/ntv gemellt, de Mick Schumacher kéint schonn de kommende Weekend eng éischte Kéier an der Formel 1 starten. Deem ass awer net esou.
Bei engem doudege Wëllschwäin am Bundesland Brandenburg gouf déi afrikanesch Schwéngspescht nogewisen.
D'Zukunft vum Sebastian Vettel ass geséchert. Déi nächst Saison fiert hie fir Racing Point/Aston Martin.