E Méindeg war et an der Bundesliga-Relegatioun de Retoursmatch tëscht Hertha BSC Berlin an dem Hamburger SV.
D'Tendenz deit sech schonn zanter Februar un. Den Ament bestätegen sech déi héich Präisser. D'Locatiounsautoen ginn dëse Summer ferm deier.
An den éischte Méint vun dësem Joer gouf et iwwer 40 Prozent méi Iwwernuechtungen an Hoteller hei am Land wéi nach zejoert ëm déi nämmlecht Zäit.
E Sonndeg den Owend war an der Coque am Handball d'Finall vun der Coupe bei de Dammen.
De Geosite am Oste vum Land ass eemoleg. Nieft engem Insekteprojet gouf hei och eng Dréchemauer gebaut.
Jo, de Reen e Méindeg war eng kleng Erléisung fir d'Geméisbaueren. Mä déi allgemeng Dréchent dëst Fréijoer mécht hinnen ze schafen.
Den F91 Diddeleng ass fir déi 16. Kéier Champion ginn. Mat net manner wéi 18 Goler huet virun allem och den Dejvid Sinani ee groussen Undeel um Titel.
An eiser neier Serie kritt Dir eng Rei Iddien a Projete virgestallt, wéi d'CO2-Bilanz vun all Awunner bis 2050 kéint reduzéiert ginn.
Wéinst engem Accident aus dem Joer 2009, an deem 152 Passagéier gestuerwe sinn, muss sech d'Fluchgesellschaft "Yemenia Airways" viru Geriicht veräntwerten.
De Präis vum 95er an 98er Bensinn geet en Dënschdeg ëm Hallefnuecht nees erop.
Nodeems e Grupp vun däitschen Touristen zu Mallorca beim Feieren en Daach vun enger Terrasse a Brand gestach huet, sëtzen d'Männer lo an Untersuchungshaft.
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.076 geklommen ass.
D'Police konnt e Méindeg an der Mëttesstonn eng Persoun op engem Parking bei der Beetebuerger Gare an deem Zesummenhang ermëttelen...
Bei engem Accident tëscht zwee Schoulbusser sinn zu Celle am Ganze 36 Mënsche liicht blesséiert ginn.
Frankräich wier no un der Vollbeschäftegung - dat sot déi fréier Aarbechtsministesch an aktuell Premierministesch Elisabeth Borne e Méindeg.
Ronn 600 Migrante sollen um Méindegmoie versicht hunn, mat Booter duerch d'Ägäis an de griicheschen Territoire eranzekommen.
Den Nofollger vum Marco Rose ass gläichzäiteg säi Virgänger: Den Edin Terzic kënnt zeréck op d'BVB-Trainerbänk an huet e Kontrakt bis 2025 ënnerschriwwen.
Wéi säi geparkte Won zu Berlin gebrannt huet, huet e Mann vu Berlin nach séier seng zwee Cageote Béier aus der Mall geholl.
Am neiste Guide Michelin kréie souwuel de "Ryôdô" an de "La Villa de Camille et Julien" aus der Stad eng éischte Kéier e Michelin-Stär.
An anere Wieder an op Lëtzebuergesch: D’EU-Memberstaate kënne weider méi Scholde maachen, ewéi d’europäesch Budgetsreegelen et normalerweis virgesinn.
Wärend engem Sträit tëscht zwou Gruppen op enger Kiermes zu Lüdenscheid ass ee 40 Joer ale Mann erschoss ginn.
Am Podcast "Drëtt Hallschent - De Sporttalk" ass dës Woch den Alwin de Prins Invité vum Rich Simon.
Op enger philippinnescher Fär ass e Feier ausgebrach: Vill Passagéier hu sech mat engem Sprong an d'Waasser gerett. Fir 7 Mënsche koum all Hëllef ze spéit.
An engem Betrib zu Zolwer koum et e Sonndeg den Owend géint 23 Auer zu engem schwéieren Aarbechtsaccident.
Aus dem internationale Futtball ass et d'Nouvelle, datt de Golkipp Manuel Neuer säi Kontrakt beim FC Bayern bis 2024 verlängert huet.