E Freideg den Owend war d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert um Platto am Journal, wou et ënnert anerem ëm d'IRMen hei am Land gaangen ass.
Et ass eng Zeen, déi sech an der Zäit um Land méi dacks presentéiert huet, déi hautzedaags awer emol fir zolidd Opreegung ka suergen.
Am Handball spillen den Éischten an den Zweeten den decisiven Match ëm de Championstitel géinteneen.
D'Sängerin, déi joerzéngtelaang als déi beschte Mezzosopranistin op der Welt gezielt huet, ass e Freideg zu San Lorenzo del Escorial bei Madrid gestuerwen.
Vun e Samschdeg Hallefnuecht u kascht de Bensin nees e gudde Krack méi, den Diesel a Masutt liicht manner.
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.073 bliwwen ass.
11 Blesséierter mellt de CGDIS tëscht Mëtteg a 16.30 Auer um Freideg, dat bei 13 Asätz.
Stierft e Puppelche matten am Schlof ouni direkte Grond, schwätzt ee vum "plëtzleche Kandsdoud", dem "Sudden Infant Death Syndrome" (SIDS).
Nieft dem Urteel huet d'Geriicht och d'Häert vun der Schold festgestallt. Domat ass e virzäitegt Entloossen aus dem Prisong ausgeschloss.
Seng Ekipp Huddersfield kënnt am Allersmatch awer schlussendlech net iwwert en 1:1 géint Luton Town eraus.
Keng Arrivée um Bierg, ma dofir awer 4 Biergwäertungen a ronn 4.500 Héichtemeter hunn e Freideg op der 7. Etapp vum Giro d'Italia op d'Coureure gewaart.
D'Partie tëscht Diddeleng a Steesel gëtt um 1. RTL gewisen. Mir iwwerdroen de Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg op RTL.lu an op der App.
De Scheich Chalifa bin Zayid Al Nahyan war zënter 2004 Staatschef. Hien huet de staarke Wuesstem vum Land matgestalt a begleet.
Seng Urgroussmammen op béide Säiten hate portugisesch Originnen an hie géif den Attachement vun de Portugisen un de groussherzoglechen Haff och fillen.
Eng ganz Rei vun offiziellen Ekippen-Hoteller fir d'Futtball-WM am Katar, refuséieren homosexuell Gäscht oder äussere staark Virbehalter géint se.
Pakistan huet e Freideg nees eng Kéier rekordverdächteg Temperature vu bal bis zu 50 Grad Celsius gemellt.
Iwwer zwee Joer no engem schwéieren Accident mat engem Doudegen an e puer Blesséierter gouf eng 83 Joer al Fra zu 2 Joer Prisong op Sursis verurteelt.
Den Ex-Presidentschaftskandidat Jean-Luc Mélenchon wäert net bei de franséische Parlamentswalen untrieden. Regierungschef wëll hien awer weiderhi ginn.
An engem Regionalzuch a Nordrhein-Westfalen huet ee Mann aner Leit mat engem Messer attackéiert.
Ronn zwee Méint no de katastrophalen Iwwerschwemmungen un der australescher Ostküst, stinn Deeler vum Bundesstaat Queensland nees komplett ënner Waasser.
D'Police war en Donneschdeg den Owend zu Rodange wéi och zu Schraasseg respektiv Mënsbech gefuerdert.
Nom Doud vun enger Journalistin vun Al Jazeera am Westjordanland e Mëttwoch ass der israelescher Arméi no nach net gekläert, vu wiem d'Fra erschoss gouf.
De Vulkanausbroch op Tonga war dee gréisste vu senger Aart zanter dem Ausbroch vum Krakatau am Joer 1883. Deemools sinn iwwer 36.000 Mënschen ëmkomm.
Och wann et just e klengt Blummendëppchen ass, fir d'Weltraum-Landwirtschaft ass et e grousse Schrëtt.
Am Futtball muss den F91 Diddeleng d‘nächst Saison op ee vun senge beschte Spiller verzichten.