Zu Steesel geet der Lokalekipp ee ganz staarken éischte Véierel duer, fir géint den T71 de 9. Championstitel an der Veräinsgeschicht ze feieren.
D’Rekordchampionnen aus Frankräich behaapte sech no enger dominanter éischter Hallschent géint den Titelverdeedeger aus Barcelona.
Déifferdeng setzt sech fir déi éischte Kéier dës Saison géint den HB Esch duerch a séchert sech domadder d’Coupe.
Den Interessi um Beruff als Polizist ass grouss. Dat konnt een e Samschdeg um Infodag an der Policeschoul um Findel feststellen.
Zu Gaasperech entsteet den neie Stater Park. Dësen huet spéider eng Surface vu bal 17 Hektar an ass domadder dee gréisste Park an der Stad Lëtzebuerg.
Nieft dem WM-Leader steet de Weltmeeschter Max Verstappen op Red Bull.
Duerch dëse Succès séchert sech d’Ekipp vum lëtzebuergesche Verdeedeger eng Plaz an der Qualifikatioun fir d’Europa League.
Zanter 2014 ass de Centre Thérapeutique zu Manternach déi eenzeg Plaz, déi eng stationär Therapie fir drogesüchteg Elteren zesumme mat hirem Kand ubitt.
No de Parlamentswalen an Australien steet d'Land virun engem Regierungswiessel. Den aktuelle Premier huet seng Néierlag unerkannt.
Um leschte Spilldag hunn d'Grenats mat 0:5 géint de PSG de Kierzere gezunn. Liest de Resumé bei de Kolleege vun RTL 5minutes.
Säin Transfert bei Real Madrid huet an der Woch scho sécher geschéngt, ma elo ass et awer anescht komm.
Als Äntwert op d'"Bedroung" duerch Nordkorea hunn den US-President an den neie südkoreanesch President zousätzlech Militärmanöver an Aussiicht gestallt.
An der Liichtathletik war e Samschdeg zu Birmingham déi 2. Manche vun der Diamond League.
Bei excellentem Vëloswieder stoung e Samschdeg zu Munneref d'Gran Fondo Schleck um Programm.
En 1. Testfluch hat 2019 wéinst Softwareproblemer missen ofgebrach ginn. Elo hofft Boeing bis Enn 2022 fir d'1. Kéier Mënschen an den All ze schécken.
Op der 14. Etapp vum Giro d'Italia ass et e Samschdeg iwwer 147 Kilometer vu Santena op Turin gaangen.
De Weekend ginn zu Spielberg an Éisträich déi zwou nächst Coursse vum Porsche Carrera Cup Däitschland gefuer.
Den EU-Kommissär fir Beschäftegung a sozial Rechter war e Samschdeg Invité an der Emissioun "Background am Gespréich".
D'Beamte vun der Police haten a Freideg an an der Nuecht op e Samschdeg nawell vill ze dinn, well eng Partie Leit ze déif an d'Glas gekuckt haten.
Zu Lëtzebuerg gouf et nach kee Verdachtsfall oder confirméierte Fall vun Afepouken. Trotzdeem wëll d'Santé an deem Kader sensibiliséieren.
Nordkorea kämpft den Ament mat engem uerge Corona-Ausbroch. Hëllef aus Washington wëll d'Land - Stand elo - awer net unhuelen.
Déi däitsch Pop-Rockband aus Köln sollt e Samschdeg den Owend am ausverkaaften Atelier optrieden. De Concert huet misste wéinst Corona annuléiert ginn.
Ronn 4.900 Persounen hunn d'Petitioun schonn ënnerschriwwen. Et bleiwen nach 20 Deeg, fir weider Ënnerschrëften ze sammelen.
Den John Kirby wäert d'Funktioun vum Koordinator fir strategesch Kommunikatioun vum nationale Sécherheetsrot vum US-President Biden iwwerhuelen.
Am Westjordanland ass an der Nuecht op e Samschdeg e mannerjärege Palestinenser bei engem Asaz vun den israelesche Forces de l'ordre gestuerwen.