Am Seniorenheem bei Valencia ass an der Nuecht e Feier ausgebrach. Op d'mannst 5 Persoune sinn an de Flame gestuerwen. 11 Blesséierter koumen an d'Spidol.
Nodeems e Mann, dee sech alkoholiséiert hannert d'Steier gesat hat, säi Schlëssel huet missen ofginn, koum eng Fra him zur Hëllef, déi och gedronk hat.
En Dënschdeg den Owend géint 21 Auer gouf e Buschauffer vun 3 Onbekannten op der Gare um Boulevard Kennedy aggresséiert.
E Mëttwoch de Moien ass den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt eisen Invité vun der Redaktioun.
De Spuenier Saturnino de la Fuente war zanter dem leschte September dem Guinnessbuch fir Rekorder no den eelste Mann op der Welt. Hie gouf 112 Joer al.
An den éischten 10 Méint vum leschte Joer sinn d'Passagéierzuele bei der Luxair ëm 68 Prozent erofgaangen am Verglach zum Joer virdrun.
D'Pirate wollte vun der Regierung wëssen, wéi vill eng Covid-Behandlung kascht.
Wéi de CGDIS matdeelt, goufen et um Dënschdeg véier liicht Blesséierter bei enger Rei Accidenter uechtert Land.