En Dënschdeg den Owend stoung am Schi alpin bei den Dammen den Nuets-Slalom zu Schladming um Programm.
Honnerte User haten e Video gedeelt, wou behaapt gouf, datt den ieweschte kanadesche Geriichtshaff d'WHO wéinst Verbrieche géint d'Mënschlechkeet uklot.
Mat der Omikron-Variant kréie Schnelltester eng ëmmer méi wichteg Roll, just datt d'Effikassitéit vun de Schnelltester staark variéiert.
Wéi sollen déi international Steierreegelen ausgesinn a wat sinn hei d'Auswierkungen op d'Betriber?
Zu New York gesäit et elo aus, wéi wann de Pic vun den Infektiounen erreecht wär.
Duerch extrem vill Krankmeldunge wier et schwiereg, Remplaçanten ze fannen.
En Dënschdeg e Moien ass en Automobilist nërdlech vu Wëntger engem Wollef begéint. Et ass him gelongen, e puer Fotoe vum Déier ze maachen.
199 Millioune Frang, ëmgerechent 5 Milliounen Euro, sinn den Ament nach am Ëmlaf. Fir vill Leit sinn d'Lëtzebuerger Frang eng Erënnerung u fréier Zäiten.
An eiser Serie "kuerz a knapp" stelle mir prominent Gesiichter an engem kuerzen Interview vir.
Am Europa-Verglach géing een a puncto CO2-Ausstouss net gutt do stoen, sou de Mobilitéitsminister François Bausch. Dowéinst misst eppes geschéien.
E PCR-Test ass positiv ausgefall, nodeems och schonn en Auto-Test dëst Resultat ugewisen hat.
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weider bei 930 läit.
De Buergermeeschter vu Bartreng, de Frank Colabianchi vun der DP, trëtt zréck. Hie gëtt säi Mandat op den 1. Mäerz of.
Am Prozess ëm de Mord um Ana Lopes hunn d'Appellsriichter en Dënschdeg d'Urteel aus éischter Instanz bestätegt.
De Max Hengel ass fir d’CSV am Osten nogeréckelt. D’Françoise Hetto war zréckgetrueden.
Méi wéi un der Demokratie, vun där verschidde Leit fannen, datt se hir Fräiheet aschränkt, muss un eiser Gesellschaft geschafft ginn. E Commentaire vum Diana Hoffmann.
Et wëll een adequat op déi nächst Manifestatioune géint d'Coronamesurë virbereet sinn, sou ënnert anerem op déi annoncéiert virun de Spideeler.
Et gi Fäll vu Schüler an der Grondschoul, wou d'Elteren decidéiert hunn, datt si wéinst de Restriktiounen an der Schoul sollen doheem enseignéiert ginn.
De Sträit ëm eng Participatioun vum Novak Djokovic op den Australian Open geet an déi nächst Ronn.
Mam Doud vum LSAP-Politiker a Gewerkschaftler verléiert Lëtzebuerg e Politiker, dee sech wärend senge Chargen/Mandater fir sozial Gerechtegkeet agesat huet
Bei de Krisegespréicher e Méindeg zu Genf gouf et kee Rapprochement tëscht Russland an den USA.
No den Deeglaange schwéieren Onrouen am Kasachstan wéinst den héije Pëtrols- a Gaspräisser, huet d‘Parlament elo een neie Regierungschef designéiert.
D'Douane warnt en Dënschdeg an engem Schreiwes iwwer en neie Fall vu Bedruch.
De Bauer muss e spezialiséierte Büro chargéieren, fir erauszefannen, wéi e Schued an der Baach, respektiv um Fëschbestand an de Waasserplanze geschitt ass.
Den US-Millionär Robert Durst, dee sech joerzéngtelaang der Justiz entzéie konnt a rezent wéinst Mord verurteelt gouf, ass dout.