D'Arminia huet sech zu Frankfurt mat 2:0 duerchgesat.
Hätte mer méi Spidolsbetter, wieren d'Klinicke manner belaascht a misste mer net sou vill Restriktiounen hunn oder iwwer Impfflicht diskutéieren.
Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert am RTL-Interview op d'Reprochen, déi den Dokter Gérard Schockmel un hir Adress formuléiert hat.
Weder bei de Gewerkschaften, nach bei de Patronatsvertrieder goufe gréisser Problemer gemellt. Déi éischt Woch wier relativ roueg verlaf.
De leschte Samschdeg gouf et wärend Stonne kee Weiderkomme méi fir eng 350 Manifestanten an der Neier Avenue op der Gare.
E Sonndeg huet d'Lëtzebuergerin d'Chance op Bronze bei de Paris Open.
Vun e Freideg u gëllen am Cycle 1 vum Fondamental nei Reegelen, wat d'Quarantän ugeet.
No der 26:32-Néierlag gëtt et alles anescht wéi einfach am Retourmatch e Samschdeg den Owend.
Nieft dem Scholdsproch muss den F91 dem Guy Hellers och eng finanziell Entschiedegung zoukomme loossen.
Wéinst politesche Spannungen, ethnesche Konflikter, islamisteschem Terrorissem a bluddegen Attentater bleift d'Lëtzebuerger Arméi am Mali engagéiert.
Wat ass den Impakt vun der Pandemie op d'Schüler, déi virum Premièresexamen stinn? Mir hu bei de betraffene Schüler am Dikrecher Kolléisch nogefrot.
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 943 läit.
Géint 13.30 Auer gouf am Rollengergronn e Motocyclist vun engem Auto ëmgerannt. Eng Persoun gouf liicht verwonnt.
D'Baueren am Land kréien e nationale Strategie-Plang, dee vum nächste Joer bis 2027 leeft.
Am Biathlon gouf et am Eenzel iwwer 15 Kilometer zu Antholz an Italien ee franséischen Doublé.
Bei Loftugrëff op e Prisong am Jemen an enger strategesch wichteger Stad an der Rebelleregioun si vill Doudesaffer a Blesséierter ze bekloen.
Am Südpazifik hu Mieresfuerscher eng grouss Decouverte gemaach: Ee ronn dräi Kilometer laangt, gesond Koralleriff.
Wéi d'Police e Freideg matdeelt, gouf de Younes Bouchnafa en Donneschdeg um 12.30 Auer fir d'lescht a senger Wunneng zu Gréiwemaacher gesinn.
Op den Australian Open am Tennis huet et d‘Titelverdeedegerin Naomi Osaka am drëtten Tour erwëscht.
De Waasserwerfer, deen den 11. Dezember bei enger Maniff géint d’Covid-Mesuren agesat gouf, "huet normaalt Leitungswaasser versprëtzt".
Leit, déi mam Johnson&Johnson-Vaccin geimpft goufen an dunn e Rappell (Booster) mat engem mRNA-Vaccin kruten, kënnen en zousätzleche Booster kréien.
De geplangte grénge Stempel fir Atomkraaft a Gas ass weiderhin héich ëmstridde bei den EU-Ministeren.
28 Milliarden Euro soll déi nei Haaptstad kaschten, déi op der Insel Borneo soll opgeriicht ginn.
Den Tom Schumacher soll zesumme mat sengem Assistent Jeff Wampach den T71 Diddeleng nees op déi richteg Bunnen bréngen.
Et ass d'Horrorvirstellung vun all Mamm, dobaussen ausgespaart, Kand an Iessen op der Kachplack dobannen. A wann et ufänkt mat Dämpen, ass Panik ugesot.