De François Heisbourg, dee Lëtzebuerger Origine ass, mee am Frankräich lieft, ass e gefroten an international unerkannte Spezialist an der Geopolitik.
De Krich an der Ukrain ass voll amgaangen. Mat russesche Loftattacken huet den Dag ugefaangen a Buedemtruppe mat Panzer si kuerz drop nogeréckelt.
D’Suerg vun der ukrainescher Communautéit zu Lëtzebuerg ass grouss. Ma et well een net nëmmen nokucken, mee Solidaritéit mat der Bevëlkerung weisen.
An enger spannender Finall vun der Coupe de Luxembourg konnt sech Nidderkäerjeng mat 4:3 géint Rued duerchsetzen.
D’Eisebunnsgesellschaft sammelt mat Stickere fir den gudden Zweck.
Allerdéngs géing de Problem ronderëm d'Energiepräisser duerch déi aktuell Situatioun nach méi akut ginn.
Der Famill vum verstuerwenen, déi um Krautmaart present war, huet de Premier Xavier Bettel säin déifsten Matgefill ausgedréckt.
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 988 bliwwen ass.
Fir d'éischt huet de Futtballclub de Schrëftzuch vun hirem Haaptsponsor Gazprom vun hiren Trikoten geholl. Lo zitt och de Fräizäitpark seng Konsequenzen.
E méi speziellen Asaz fir d'Stater Pompjeeë gouf et um Donneschdeg de Mëtteg, wéi en Bam widder d'Fassad vun engem Appartementshaus gefall ass.
E Mëttwoch den Owend tëscht 18 an 19 Auer koum et tëscht der Rue du Vieux Moulin a Rue Eucosider zu engem kierperlechem Iwwergrëff.
Wéinst engem falsche Manöver gouf ee Krunn opgemaach, deen Deeler vun den Produktiounsunitéiten 1-3 vun der Atomzentral mat Waasser besprëtzt huet.
Zesumme mam Veräin a mat der FLF probéiert een, op Lviv un der Grenz mat Polen ze kommen. Hei spillt mam Enes Mahmutovic nach en aneren Nationalspiller.
De Bob Jungels koum an der 5. Etapp mat der selwechter Zäit iwwert d'Linn, wéi de Gewënner. Dat als 88.
Am Juni 2021 waren ee Psychiater a säi Patient ugesicht ginn wéinst enger presuméiert gefälschter Dispens, fir net mussen e Mask unzedoen.
De Video gouf vun engem Mann aus Frankräich op TikTok gepost, deen zanter e puer Méint zu Lëtzebuerg lieft. Séier krut d'Opnam e puer Dausend Klicks.
Keng Ideologie a keen ze vill detailléierte Programm, keng konkret Iddien oder politesch Positiounen, awer Regierungsambitiounen. D'Presentatioun vun der neier Partei "Fokus" dës Woch huet nawell schlecht preparéiert gewierkt... bis op de Begrëff "biergerlech" an d'Fuerderung no engem permanente Biergerrot ass ee wéineg gewuer ginn. D'Partei wëll anescht sinn, wéi déi aner - ma d'Ambitioun, keng Ideologie ze hunn, ass manner originell, wéi vu Ruppert, Engel a co duergestallt, sou d'Fanny Kinsch a sengem Commentaire.
De Konjunkturcomité huet dovunner 831 Demandë guttgeheescht.
De Mann aus Lëtzebuerg schafft a lieft zanter 20 Joer zu Kiew. Elo sëtzten hien a seng Famill op gepaakte Wallissen an der ukrainescher Haaptstad.
Eppes wat een u sech geduecht hat, géif et am 21. Joerhonnert net méi ginn. De Joël Detaille mécht sech an engem Tëscheruff sou seng Gedanken a muss dobäi d'Hänn um Kapp zesummeschloen.
Wéi de Gesondheetsministère en Donneschdeg an der Mëttesstonn matgedeelt huet, ass d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert positiv op Covid-19 getest ginn.
Um Dënschdeg géint 15.30 Auer war et e Mann, dee virun der Gare der Rei no un e puer Leit Droge verkaf huet.
En Donneschdeg geet et am "Kloertext" ëm déi russesch Invasioun an d'Ukrain a wat de Westen nach maache kann, fir d'Situatioun z'entschäerfen.
Wéinst den neien Amenter an der Ukrain gouf den Ordre du Jour an der Chamber geännert. Um 14 Auer ass eng Deklaratioun geplangt.
Dat seet eng Member vun der Asbl "LUkraine", déi och en Donneschdeg de Mëtteg e Protest géint de Krich organiséieren. Detailer op 5Minutes