Formel 1-Autoe gesi jo wéinst dem néien aerodynamesche Reglement ganz anescht aus, wéi nach lescht Joer.
Kiev a seng westlech Alliéiert ginn dovun aus, dass Moskau drop waart ee Schosswiessel als Virwand ze huele fir an de Konflikt anzegräifen.
D'Ëmstänn, ënnert deenen den Ament Millioune Mënschen am Afghanistan ëm d'Iwwerliewe kämpfen, sinn dramatesch.
Et wier en Affront, mam Fanger op eng Gemeng ze weisen, ouni sech präzis ze informéieren, seet e rosene Buergermeeschter vu Wäiswampech.
A villen europäesche Länner ginn d’Coronamesuren zréckgefuer. D’Lëtzebuerger Regierung kënnt elo no der Fuesvakanz beieneen.
De Charel Grethen ass beim Meeting zu Liévin an der nämmlechter Course de 6. ginn.
Secouriste kämpfen den Ament ëm d'Liewe vun engem 5 Joer ale Jong, deen zu Schokak an e 25 Meter déiwe Pëtz gefall ass.
Lëtzebuerg ass den Ament mat 23 Zaldoten am Mali.
En Donneschdeg den Owend war den Optakt vun der K.O.-Phas an der Europa League, wou ënnert anerem och e Lëtzebuerger am Asaz war.
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 982 geklommen ass.
E Mann hat seng Fra, déi mëttlerweil getrennt vun him lieft, entféiert an doropshin den Auto express an d'Déift stierze gelooss.
No heftege Reefäll ass et am Bundesstaat Rio de Janeiro zu Äerdrutscher an Héichwaasser komm. Op d'mannst 104 Persoune goufe mat an den Doud gerappt.
No enger schwaacher Kür ass déi 15 Joer jonk Kamila Valieva nach vun der éischter op déi véiert Plaz zeréckgefall.
Vun den Tester zu Barcelona u wäerten den Eduardo Freitas an den Niels Wittich den Job vum Australier iwwerhuelen.
Ongeféier all véiert Fra huet op d'mannst ee Mol an hirem Liewe Gewalt an enger Partnerschaft erlieft. Och vill jonk Fraen tëscht 15 an 19 Joer si betraff.
Géint 21 Auer e Mëttwoch war der Police e schwéier blesséierte Mann an der Rue Bender an der Stad gemellt ginn.
D'Regierung hat d'Cristina Caldéron als "liewende mënschleche Schatz" bezeechent - si huet als Ambassadrice vun der Yaghan-Kultur um Archipel gegollt.
Um Mëttwoch huet de Mann vun der euroskeptescher Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer am Plenum dee Geste gemaach.
Nach ëmmer ass manifestéieren an der Stad territorial begrenzt. D’Aféiere vun enger Demonstratiounszon war kuerzfristeg nozevollzéien, lo muss awer endlech Schluss domadder sinn, fënnt d’Diana Hoffmann a sengem Commentaire.
Hoffnung fir Heavy-Metal-Fans: De beléifte Wacken Open Air soll no zwee Joer Paus nach dëse Summer organiséiert ginn.
An der Nuecht op en Donneschdeg ass um 3.30 Auer an der Haaptstrooss zu Téiteng en Automobilist an e geparkten Auto gerannt.
Eng Hochzäitsfeier am Norde vun Indien huet sech zu enger Tragedie entwéckelt.
Um Mëttwoch den Owend huet den Orkandéif "Ylenia" Deeler vun Europa getraff. Mam "Zeynep" wäert am Laf vum Freideg dann e weidere Stuerm op eis duerkommen.
Frankräich kënnegt un, sech mat sengen europäeschen Alliéierten aus dem afrikanesche Mali zeréckzezéien.
An der Nuecht op en Donneschdeg géint 4 Auer eiser Zäit ass den éischten Deel vun der Dammen-Schi-Kombinatioun op en Enn gaangen.