Den Dusty Hill, Bassist vun enge un de bekanntste Bluesrockbands weltwäit, ass am Alter vun 72 Joer gestuerwen.
De Lëtzebuerger Nationalspiller Danel Sinani wiesselt vum Opsteiger an d'Premier League Norwich City op Huddersfield Town an déi 2. englesch Divisioun.
E Mëttwoch gouf déi zweet Ronn an der Qualifikatioun an der Champions League gespillt, ier et an déi decisiv Finall geet.
34 Joer al, Affekotin mat Passioun fir Dëschtennis a fir hir Gemeng, an zënter de leschte Walen, fir de Lex Delles an d’Chamber nogeréckelt.
D'Iwwerschwemmung um Dënschdeg am Nomëtteg zu Schuller war ganz lokal. Mä et si Momenter, déi d'Leit aus dem Duerf sou bal net vergiesse wäerten.
D'Organisateure vum WTA-Dammen-Tennis-Tournoi op der Kockelscheier hunn den Datum vun der WTA fir déi nächst Editioun nach emol confirméiert kritt.
D'Genfer Konventioun garantéiert deene Leit Protektioun, déi an hirem Land wéinst hirer Rass oder zum Beispill hirer Relioun verfollegt ginn.
Déi héich Infektiounszuelen no Nationalfeierdag gi weider zréck. De Reproduktiounstaux bleift ënner 1 mat 0,87%.
Wéi een Impakt op d'Klima? Déi Fro gëtt vill diskutéiert, nodeems d’Milliardäre Bezos a Branson op 80 Kilometer Héicht e puer Minutte konnte schwiewen.
Vun de 566 Infizéierte lescht Woch waren der 461 net geimpft, also 81,4% vun hinnen. 18,6%, wat 105 Persounen entsprécht, ware komplett geimpft.
D'Unzuel u Marihuana, déi ee beim Accident en Dënschdeg op der A66 an Hessen fonnt huet, ass een Dag méi spéit staark no uewe korrigéiert ginn.
En Dënschdeg am Nomëtteg ass et zu Rëmeleng zu engem brutale Virfall komm, deen e Véierbeener net iwwerlieft huet.
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weider bei 822 läit.
Den adr-Deputéierte Fred Keup hat behaapt, datt Leit um Aarbechtsamt gesot kritt hätten, et wier verlueren Zäit, fir Lëtzebuergesch ze léieren.
Zwou Wochen no der Naturkatastroph ass de Bilan ëm 2 Doudeger an d'Luucht gaangen, op elo 181.
Zanter dem 24. Juli 2021 kënne Lycéesschüler iwwert "app.mybooks.lu" hir gratis Schoulbicher fir d'Joer 2021/2022 auswielen.
All d'Oppositiounsparteie fuerderen no der Naturkatastroph vum 14. Juli eng onofhängeg extern Etüd.
Si huet ëmmer kuerz virum Radar gebremst an kuerz dono nees Vitess opgeholl. Resultat (bis elo): 33 Protekoller an 2.500 Euro Geldstrof.
Wéinst der grousser Impfbereetschaft an dem Ofbau vun de Restriktioune gëllt d'Insel als Experiment fir e liberalen Ëmgang mat der Delta-Variant.
De Minister vun der Fonction Publique Marc Hansen ass erstaunt iwwer d‘Aussoe vum President vun der CGFP Romain Wolff.
E Mëttwoch stoungen d'Virleef vum 200 Meter am 4 Nages zu Tokio um Programm.
Vun dësem Mëttwoch u sinn d’ECHO-Apparater mam Alexa och zu Lëtzebuerg ze kréien. RTL bitt ënner anerem News op Lëtzebuergesch, Englesch a Franséisch un.
E Mëttwoch de Mëtteg stoungen am Schwammen d'Virleef fir 100 Meter Crawl bei den Dammen um Programm.
Am Zesummenhang mam Large-Scale-Testing saiséiert de Laboratoire Bionext an den nächsten Deeg d'europäesch Instanze wéinst deloyaler Konkurrenz.
En Mëttwoch de Moie stoung nom Zäitfuere vun den Dammen och dat vun den Hären un.