Zu Jonglënster gouf um Méindeg d’Presidentin Norma Zambon am Kader vun der Generalversammlung fir e weidert Mandat confirméiert.
E Méindeg den Owend huet de franséische President jo annoncéiert, datt d'Impfung fir Personal aus dem Gesondheetssecteur wäert obligatoresch ginn.
E Projet vun enger Beeforter Schräinerei ass esou interessant, datt direkt 3 Ministeren sech d'Miwwelen aus dem Holz vun der Kifer ukucke komm sinn.
Zu Esch bei der Brillplaz sinn eng Rei Awunner nawell rosen. Virun 2 Joer gouf den Accès zu hirer Strooss duerch e Poller verspaart.
Et ass ee vun de gréisste Bauprojeten, déi d'Stad an de leschte Jore gesinn huet.
D'Never-Ending-Story, wat den neie nationale Futtball- a Rugbystadion ugeet, schéngt säi finaalt Kapitel ze schreiwen. Iwwert d'Finanzen an den Numm war jo scho vill diskutéiert ginn.
2021 war net nëmmen dat zweet Pandemiejoer, ma och e laangwierege Sujet wéi de Logement huet Aarbecht an der Chamber markéiert.
D'Initiativen, fir an ëffentlechen Toilettë gratis Hygiènesproduiten zur Dispositioun ze stellen, mécht hire Wee a gëtt och lo an der Stad ëmgesat.
16 vun 90 Participanten hunn et mat Hëllef vun der Asti an dem Pilotprojet "Connections4work" gepackt, een éischte Kontrakt um Aarbechtsmarché ze kréien.
Op enger Plattform gëtt behaapt, datt geimpfte Leit e bis zu 6 Mol méi héije Risiko hunn, un der Delta-Variant vu Corona ze stierwen.
Um Méindeg géint 13.30 Auer krute sech zwee Ween um CR226 ze paken, nodeem een Automobilist aus engem Feldwee a Richtung Hesper wollt ofbéien.
D'Tendenz hält un: Ëmmer manner Jonker packen hiren Ofschloss-Examen am éischten Ulaf.
D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonnen 247 Neiinfektioune registréiert goufen.
Um 11 Auer krute sech 2 Autoen ze paken op der Route de Luxembourg zu Diddeleng. 2 Leit goufe blesséiert.
E Sonndeg huet Italien am Wembley am Eelefmeterschéisse géint England gewonnen.
De Collège Médical ass mam neien Covidgesetz, dat en Donneschdeg gestëmmt gëtt, prinzipiell averstanen. D'Medezinner maachen awer eng Propos.
Och wärend de Summerwochen ass RTL fir Iech do. Ob Spiller, Spaass a Sport, News, Reportagen an Iddie fir d’Vakanz, de Summer mat RTL suergt fir gutt Laun!
Am Kader vum LST goufe bis Enn Juni eng 27.800 serologesch Blutt-Tester duerchgefouert, fir ze testen, ob een Antikierper géint de Covid entwéckelt huet.
D'DP-Familljeministesch Corinne Cahen huet am RTL-Interview op de Waringo-Rapport iwwert d'Infektiounsketten an Alters- a Fleegeheemer reagéiert.
Kuerz virun 8 Auer koum et e Méindeg de Moien op engem Chantier an der Rue de Neudorf zu engem schroen Aarbechtsaccident.
An de soziale Medien ass den Ament nees eng falsch Reklamm am Ëmlaf.
E Freideg goufen an der Patton-Stad 15 Gefierer vun der Police genau ënnert d'Lupp geholl. Dobäi goufen eng Partie Verstéiss festgestallt.
Zu Jaipur, der Haaptstad vum Bundesstaat Rajasthan, sinn 11 Mënschen ëmkomm, wéi e Blëtz an 2 Tierm vun enger Festungsanlag ageschloen ass.
An der 8. a leschter Episod vum Podcast „#OHJO, den EM-Talk“ geet et ëm de verdéngten Titel vun den Italiener.
D'Kanner waren e Sonndeg am Nomëtten op enger Privatfeier zu Mutfert, wéi d'Wiederphenomen op d'Sprangschlass getraff ass.