Dem John Travolta seng Fra, d'Kelly Preston, ass gestuerwen. Dat huet de Schauspiller e Sonndeg matgedeelt.
Wärend der Summervakanz bitt d'Asti e Programm u fir déi Kanner, déi duerch de Confinement an der Schoul hannendra gerode sinn.
Géint 8.47 Auer huet sech zu Heeschdref an der Lëtzebuerger Strooss en Auto iwwerschloen, 1 Persoun gouf dobäi verwonnt.
E franséischen Epidemiolog geet net dovun aus, datt et gelénge wäert bis 2021 en effektiven Impfstoff géint de Coronavirus ze entwéckelen.
E Méindeg de Moie war de President vun der Société Médicale Luxembourgeoise de Gériatrie et Gérontologie eisen Invité vun der Redaktioun.
Wéi d'CFL matdeelen, ginn Ersatzbusser agesat, et muss allerdéngs mat Retarde gerechent ginn.
Am Fong si se sech alleguer eens an awer ass bis ewell näischt geschitt: de Cumul vu politesche Mandater ass eng grouss perséinlech Erausfuerderung.
Hien hat Poliziste menacéiert an hinnen eng Waff geklaut. D'Leit an der Ëmgéigend kréie geroden, doheem ze bleiwen.
De Sport-Geriichtshaff zu Lausanne an der Schwäiz huet e Méindeg iwwert d'Spär fir Manchester City an der Champions League tranchéiert.
Et ass och eng Suite vun de Manifestatioune géint Rassismus an den USA.
Den ëmstriddene Militärsatellit ass e Méindeg e Sujet an der Budgetskontrollkommissioun.
Wéi de CGDIS matdeelt ass et bei dësem Virfall e Sonndeg zu Bous awer beim Materialschued bliwwen.