D'Verhandlungen tëschent Direktioun a Gewerkschafte lafen um Donneschden aus, ob et zu engem Duerchbroch kënnt, bleift awer onkloer.
Et weist ee sech zefridde bei Omega 90 iwwert déi aktuell Situatioun an de Spideeler an datt de Besuch ouni Restriktiounen nees erlaabt ass.
Weider Themen, déi d’Däitschland wärend der EU-Presidence wichteg sinn, sinn d’Fortschrëtter vun der Digitaliséierung, grad ewéi de Klimaschutz.
Den Tennisclub Nordstad huet als éischte Veräin en Turnéier nom Deconfinement organiséiert.
E Mëttwoch den Owend waren 2 Lëtzebuerger Futtballer mat hirer Ekipp am Ausland am Asaz.
Zu engem déidlechen Accident koum et e Mëttwoch géint 15.50 Auer op der A7 a Richtung Éislek. 2 Männer aus Däitschland kommen ëm d'Liewen.
An engem gréissere Reportage kritt Dir gewisen, wat den Dan Wiroth bei senge Recherchen alles erausfonnt huet.
Si hunn déi waarm Temperature gär, dofir si se grad elo nees vill ënnerwee. Rieds geet vun Zecken, ma et gëtt zanter lescht Joer eng nei Zort.
A senger Ried zur Covid-Pandemie war de Premier e bësse streng mat de Partyen, mä just e bëssen. Mat Ongerechtegkeeten ass hien awer net streng.
E Mëttwoch de Mëtteg huet d'FLF de Programm fir déi nächst Saison annoncéiert.
Wéi eng Länner hunn dee stäerkste Reespass? Dem "Henley Passport Index" no ass dat Japan, Lëtzebuerg kënnt op Plaz 4.
Op der A7 a Richtung Norde koum et am Tunnel Gousselerbierg zu engem Accident, bei deem 5 Persoune blesséiert goufen.
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, weiderhin onverännert bei 110 bleift.
Den 30. Juli soll d'NBA zu Orlando am Disney World erëm starten.
Bréissel gesäit d'Fërdere vum Waasserstoff als wichtege Bestanddeel vum "Green New Deal".
Enn vum Joer spillt d´Handball-Dammen-Nationalekipp d´Pre-Qualifikatioun fir d´Weltmeeschterschaft.
D'Slowakei, d'Ukrain an Israel, dat sinn d'Géigner fir déi 1. Qualifikatiounsphas fir d'WM.
Et gëllt als ee vun den éischten Affer vun der Corona-Kris: De Glasfrabikant Guardian mécht ee vu sengen 2 Sitten zu Lëtzebuerg zou.
Nom 15. Juli ass et eriwwer mat den net-remboursabelen Hëllefe fir duerch déi sanitär Kris geschiedegt kleng Betriber an Onofhängeger.
Um Mëttwoch de Mëtteg huet de Premier an der Chamber eng Deklaratioun gemaach iwwert déi aktuell Situatioun vun der Pandemie.
No 4 Baissen hannerteneen hunn d'Pëtrolspräisser nees ugezunn. Och de Präis vu frëschem Uebst ass méi deier ginn.
Et gouf iwwer den Avant-Projet de Loi, deen déi ominéis Policefichiere reglementéiert, debattéiert.
Iert seng Regierung sech um Mëttwoch de Froe vun den Deputéierten am Parlament gestallt huet, stoung de Jean Castex an 2 Interviewe Ried an Äntwert.
Den 2011 an 2013 Snowboard-Cross-Weltmeeschter gouf an Australien, an der Géigend vun der Gold Coast, dout opfonnt.
E Fluch vun Delta Airlines, deen aus West Palm Beach a Florida koum, huet bei senger Landung eng offensichtlech Beschiedegung opgewisen.