D'Nikki Haley gehéiert zu de prominentste republikaneschen Erausfuerderinne vum Donald Trump am Kampf ëm d'Nominéierung fir déi dësjäreg Presidentschaftswalen. Mee eng Analys, déi och vum Ex-President gedeelt gouf, behaapt, dass d'Haley guer net fir dëst Amt zougelooss wär.