De Commentaire vum Roy Grotz: D'Boxen erofloossen
D'Kaz ass also zanter gëscht aus dem Sak - an zwar aus dem Mond vun der bloer Defense-Ministesch Backes, déi op eiser Antenne ganz offensiv eng Tripartite fuerdert an domat dem Premier keen anere Wee léisst, fir mat an déi Ronn ze trëppelen.
De Luc Frieden wëll déi Gespréicher awer net - well hie keng Loscht huet sech ze zerstreiden, Konzessioune mussen ze maachen an och de Lead aus der Hand ze ginn, fir seng blo-schwaarz Matrousen ze geréieren. De Roy Grotz stellt fest, datt de bloe Koalitiounspartner d'Zeeche vun der Zäit erkannt huet, fir zeréck un de Pouvoir ze kommen...