Eng Foto vum palästinensesche Fändel, nodeem en am September 2015 virum Haaptgebai vun de Vereenten Natiounen zu New York eng éischt Kéier opgehaange gi war, daucht ëmmer nees a Bäiträg a sozialen Netzwierker op. Hei gëtt fälschlech behaapt, de Fändel wär am Mee 2024 "endlech [am Wand] geflunn".