Nach ëmmer sinn am Internet Falschinformatiounen iwwert de Coronavirus an iwwer d'Coronaschutzimpfung am Ëmlaf. Zulescht gouf a sozialen Netzwierker behaapt, déi US-amerikanesch Gesondheetsagence CDC hätt gewarnt, dass Mënschen, déi géint Covid-19 geimpft sinn, engem méi héije Risiko duerch en neie Virusstamm ausgesat wiere wéi net geimpfte Leit. Dat ass awer falsch.