![](https://static.rtl.lu/rtl2008.lu/nt/p/2023/01/27/21/f27fabb55e76f86cae6844b1aadd1669.jpeg)
D'Hausse vum CO2-Niveau op der Äerd säit 1880 ass keng "Klengegkeet", déi ze vernoléissege wär, wéi e Video, dee säit Januar 2023 e puer Dausend Mol an de sozialen Netzwierker verbreet gouf, behaapt. Ee vun de Riedner relativéiert d'Quasi-Verdueblung vum CO2-Taux tëschent dem Ufank vum Industriezäitalter an haut mat der Begrënnung, dass d'Äerd viru 440 Millioune Joren "1.100 Prozent vum haitegen CO2-Taux" gehat hätt. Awer dëse Verglach ass net stéchhalteg, wéi fënnef Experten der AFP erkläert hunn.