Et war wéi e Mantra an den hellegen Tempel-Hale vun der Chamber: Mir musse Responsabilitéit iwwerhuelen. De Staatsminister setzt a Krisenzäiten op DAT, wat hien am beschte kann: sech als staarke Kapitän am Stuerm duerzestellen, dee mat roueger Hand Brécke baut. Mat senger Ried ass hien en Dënschdeg de Mëtteg awer hannert den Erwaardungen zréckbliwwen, sou de Roy Grotz a sengem Tëscheruff.