E Sonndeg, um 1. Mee, war de Staatsminister als Éieregaascht um Familljefest beim LCGB. D'Fotoen, déi de Xavier Bettel duerno an de soziale Medie publizéiert huet, sinn der fir anzerummen. Biller, déi weisen, wéi gutt de liberale Regierungschef an de Lëtzebuerger chrëschtleche Gewerkschaftsbond den Ament grad mateneen eens ginn, seet d'Dany Rasqué a sengem Commentaire.