De Futtball-Stadion zu München huet gëschter net dierfen an de Reeboufaarwe beliicht ginn. Et war eng Iddi vun der Stad München, d‘UEFA huet dat awer refuséiert a sech op déi politesch Neutralitéit beruff. Dat huet fir vill Kritik gesuergt. Et sollt en Zeeche si fir méi Toleranz a géint Homophobie. Sou e Reebou ass ganz schéin, mengt d'Carine Lemmer a sengem Commentaire, mä Symbolik eleng geet net duer...