Déi ëffentlech Petitioun Nummer 1865 fuerdert eng Dispens fir Fraen, déi hir Reegel kréien. Net grad 4.800 Leit hunn d'Petitioun ënnerschriwwen. Den néidege Seuil vu 4.500 Signaturen huet se areecht. Elo muss an der Chamber iwwer de Sujet debattéiert ginn. Regierungspolitiker-innen ënnerstëtzen d'Iddi net. Aus diverse Grënn. Vill Biergerinnen a Bierger wëlle sech och net ganz festleeën, wéi de Pierre Jans a sengem Commentaire festhält.