De Parteipresident, deen en Aarbechtskontrakt virun der Fraktioun verheemlecht, gëtt vu sengen eegene Leit beim Parquet denoncéiert. Dat gëtt dann och nach der Press gestach… dat ass schonn e staarkt Stéck, wat den Ament bei der CSV lass ass. A jiddereen ass och nach d'Affer! Sou kann et goen, wann zwou Säite net matenee kënnen.