Et ass evident, no bal engem Joer Pandemie mat ville Aschränkungen an all hire Konsequenzen, ass de Wonsch no Normalitéit bei jidderengem enorm grouss. De Vaccin gëllt als déi grouss Erléisung aus deem ganze Misär. Kaum verwonnerlech also, dass déi Leit, déi scho geimpft sinn, och direkt dovu wëlle profitéieren, fir en Deel vun hire Fräiheeten zeréck ze kréien. Ma dat wier awer zu dësem Ament nach vill ze fréi a vill ze geféierlech, fënnt d'Maxime Gillen a sengem Commentaire.