Champions League: PSG eliminéiert Bayern no 1:1 am Retourmatch a spillt an der Finall géint Arsenal
Dem PSG ass am Retourmatch zu München en 1:1-Remis duergaangen, fir den Ticket fir d'Finall kloer ze maachen. Do geet et elo géint Arsenal.
Dem PSG ass am Retourmatch zu München en 1:1-Remis duergaangen, fir den Ticket fir d'Finall kloer ze maachen. Do geet et elo géint Arsenal.
Um Mëttwoch stoung am Playdown bei den Hären de fënnefte Spilldag um Programm. Mamer ass no enger Defaite op der Musel den zweeten Ofsteiger aus der Enovos League.
De Prozess ëm presuméiert Policegewalt a Vertuschung koum mat de Plaidoirië vun den Affekoten op en Enn.
De Leader vun der sougenannter Radwan-Eenheet wier responsabel gewiescht fir Attacken op israeelesch Zaldoten. Donieft hunn d'USA en iranescht Tankschëff neutraliséiert.
Dës Moossname géinge 95 Milliounen Euro ausmaachen, esou d’Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez no der Quadripartite um Mëttwoch de Mëtten.
Um drëtten Dag vum Prozess hunn déi verschidde Mataarbechter vun der Stad Lëtzebuerg an dem Tourismusbureau LCTO ausgesot, déi nieft de Sculpteuren wéinst Homicide involontaire ugeklot sinn.
Och wann et – wéinst dem oppene Konzept am ëffentleche Raum – keng exakt Zuele vun de Visiteure gëtt, weisen eng Rei Indicateuren eng héich Frequentatioun.
De gebiertegen Argentinier huet eng Zäit laang zu Lëtzebuerg gewunnt an ass elo a senger Heemecht ganz mam traditionelle Polo-Sport verbonnen.
Wéi den Noriichtesender CNN matdeelt, ass hire Grënner Ted Turner e Mëttwoch am Alter vu 87 Joer gestuerwen
Am Policebulletin mellt d'Police, datt et hinnen op verschiddene Plazen am Land gelongen ass, Déif an Abriecher festzehuelen.
No enger Rei bilateraler Reuniounen tëscht dem Premier, de Gewerkschaften an dem Patronat, hat de Luc Frieden am Nomëtteg Detailer un d'Press ginn.
D'Déiere goufen um Strand vun der Danjiang Bréck, déi eréischt rezent opgaangen ass, entdeckt.
D'Pompjeeë ware séier zu Réiden op der Plaz an et bestoung keng Gefor fir Schüler a Personal, esou den Direkter Jeff Kohnen.
D'Paulette Lenert ass weider um Wee fir vum Krautmaart op de Bockfiels ze wiesselen - nom Feu vert en Dënschdeg am LSAP-Generalrot zu Mënsbech kann d'LSAP-Deputéiert hir Kandidatur fir de fräie Posten am Staatsrot erareechen.
Bis an d'Aachtelsfinalle sinn d'Lëtzebuerger Dëschtennis-Damme bei der Ekippe-WM zu London komm.
Et ginn Zäiten, do verännert sech net d'Realitéit, mee eise Bléck drop. Wat virun zéng Joer nach wéi eng flott Traditioun gewierkt huet, léisst haut e Gefill vun Onbehagen aus. Tëscht Bildung an Arméi stellt sech eng al an onbequeem Fro nei: deele si wierklech déi selwecht Welt? Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.
Wann e Sonndeg géing gewielt ginn, hätten d'CSV an d'DP keng Majoritéit méi an der Chamber - an dat obwuel d'DP weider un Terrain géing gewannen.
D'Lëtzebuerger Air Rescue soll Hantavirus-Patienten, déi sech op engem hollännesche Croisièresschëff virum Cap Vert infizéiert hunn, zeréck an Europa transportéieren – d'Situatioun op der Plaz bleift awer weider onkloer.
Dobäi kommen déi 'klassesch' Sujete Kafkraaft a Sécherheet vun den Aarbechtsplazen – d'Patronat hätt iwwerdeems léiwer manner Sujeten.
Datt den externe Beroder net méi fir d'Gemeng schafft, géing beim Personal zwar fir Erliichterung suergen, ma dofir géing de Schäfferot d'Mataarbechter ongläich behandelen.
An de leschte Stonne goufen der Police zwee Abréch am Zentrum vum Land gemellt. Am Neiduerf gouf den Abriecher vun der Bewunnerin verjot.
Am Kader vun de sougenannte LuxTrust-Bedruchsfäll konnt am Laf vum Abrëll eng Persoun a Frankräich festgeholl ginn, déi am Verdacht steet, op d’mannst an 32 esou Fäll hei zu Lëtzebuerg involvéiert gewiescht ze sinn. Dat deelt de Parquet e Mëttwoch mat.
D'Lëtzebuerger Dammen hu sech bei der Dëschtennis-Weltmeeschterschaft zu London mat enger knapper 3-2-Victoire géint Brasilien fir d'Aachtelsfinall qualifizéiert.
Den Ombudsman Claudine Konsbruck huet e Mëttwoch de Moien an der Chamber d'Zuele vun 2025 presentéiert.
De laangjäregen Handball-Trainer huet bannent kuerzer Zäit zwee Trainerposten opginn respektiv verluer. Wat zu dëser Decisioun gefouert huet, huet de Veräin net matgedeelt.