Champions League: PSG dominéiert Liverpool bei 2:0-Victoire, Atlético klappt Barcelona
De PSG war am Parc des Princes géint Liverpool déi kloer besser Ekipp an hätt de Match och gutt a gär mat e puer Goler méi gewanne kënnen.
De PSG war am Parc des Princes géint Liverpool déi kloer besser Ekipp an hätt de Match och gutt a gär mat e puer Goler méi gewanne kënnen.
Zweeanenhallef Joer, nodeems den US-Schauspiller Matthew Perry un enger Iwwerdosis gestuerwen ass, huet ee kalifornescht Geriicht e Mëttwoch seng fréier Dealerin zu 15 Joer Prisong verurteelt.
Virun e puer Méint hate mir iwwer eng Koppel bericht, déi wärend Méint am Auto gelieft huet. Mir hunn nogefrot, wéi et hinnen haut geet. Vun Hoffnung iwwer Onsécherheet.
Ronn 16 Joer nodeems op der New Yorker Insel Long Island eelef Läichen ënnert ongekläerten Ëmstänn fonnt goufen, huet elo en Architekt aacht Morden zouginn.
Doheem huet de Pit Rhein de Findel am Format 1 zu 500 stoen an dat mat esou villen Detailer, wéi nëmme méiglech.
D'Spärungen an d'Waach ronderëm de Buckelwal, dee viru Mecklenburg-Vorpommern an der Ostsee am stierwe läit, ginn erhalen.
En Donneschdeg Mëtternuecht kënnt et zu enger weiderer Hausse op der Pompel.
International gouf mat Erliichterung op d'Eenegung fir eng Wafferou vun zwou Wochen am Iran-Krich reagéiert.
D'Rettungsekippe vum CGDIS haten e Mëttwoch de Mëtteg nawell genuch ze dinn. Bei fënnef Accidenter goufen am Ganze siwe Leit blesséiert.
Nodeems en Dënschdeg eng Polizistin zu Prüm an d'Bee geschoss krut, koum de presuméierten Täter e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.
Zu Cochem an Däitschland goufen dräi Leit bei engem Feier an engem Hotel blesséiert. D'Secouriste sinn am Asaz. D'Gäscht hu missen evakuéiert ginn.
De Premier begréisst de Waffestëllstand als positiven éischte Schrëtt a Richtung Diplomatie a Fridden, seet awer och, dass nach vill Onkloerheete bestinn.
E Mann ass zu Stroossbuerg vun der franséischer Spezialunitéit, dem RAID, festgeholl ginn. Hien hat iwwer ChatGPT gedreet, Agente vum Geheimdéngscht ëmzebréngen. Den Tipp fir d'Festnam koum aus Amerika.
Um Ouschterweekend war eng méi lass an der Stad. Net nëmme wéinst der Emaischen, ma och wéinst den touristeschen Attraktiounen.
Eng Patrull vun der Police konnt de Mann am Kader vun enger Enquête stellen.
Och no der Eenegung op e Waffestëllstand ginn d'Golfstaate wéi de Kuwait, d'Emirater an de Bahrain weider aus dem Iran aus ugegraff.
Bal 6.000 Avertissements taxés sinn am Zäitraum vu knapp engem Joer wéinst dem Gebrauch vum Handy wärend dem Fueren ausgestallt ginn.
Wéi de Jürgen Habermas viru kuerzem gestuerwen ass, huet d'Welt méi wéi e Philosoph verluer. Si huet eng Stëmm verluer, déi drop bestanen huet, datt d'Mënschen et besser maache kënnen - net well d'Geschicht dat garantéiert, mee well näischt anescht et wäert ass, sech dofir anzesetzen. De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, fënnt dofir, datt mer dem Habermas säi Projet dofir haut méi wéi jee musse weiderféieren.
De Präis vum Diesel ass aktuell eng grouss Erausfuerderung.
Iwwer 100.000 Euro Schued gouf et um Ouschterweekend. Eng Enquête leeft. D'Experte vun der Assurance waren um Mëttwochmoien am Schoulgebai sech de Schued ukucke komm.
Lettland huet an engem offizielle Bréif un d'Lëtzebuerger Rugby-Federatioun confirméiert, datt si decidéiert hunn, de wichtege Match an der Rugby-Europe-Conference am Stade de Luxembourg den 18. Abrëll net ze spillen.
Krokodillen a Schlaangen als Ofschreckung géint illegal Awanderung: Déi indesch Regierung préift den Ament den Asaz vu Reptilie fir de Grenzschutz.
De Chauffer vum Auto konnt sech duerch d'Bascht maachen, iwwerdeem den Auto awer saiséiert gouf.
Et ass eng Première am Weltraum: Bei hirem Fluch, mat deem si schonn e Rekord opgestallt hunn, hunn d'Astronaute vun der Artemis-II-Missioun mat hire Kolleegen op der Weltraumstation ISS e galaktescht Telefonat gefouert.
Dëse leeft bis Enn 2028 an et ginn ënnert anerem Haussen an der Pai a Primmen.