UEFA Nations League 2026/27: (On)attraktiv Géigner a Siicht fir d'Rout Léiwen
Fir déi nächst Nations League gëtt et zwee verschidden Zenarien. Alles wäert dovun ofhänken, wéi d'FLF-Formatioun sech am Playoff géint Malta aus der Affär wäert zéien.
Fir déi nächst Nations League gëtt et zwee verschidden Zenarien. Alles wäert dovun ofhänken, wéi d'FLF-Formatioun sech am Playoff géint Malta aus der Affär wäert zéien.
Allergiker hunn ee manner héije Risk fir e Glioblastom, een aggressive Gehiertumor ze kréien. Am Luxembourg Institute of Health wëll een erausfanne firwat dat esou ass. An der Hoffnung fir nei Usätz ze fanne fir méi effikass Therapien.
Am ëffentlechen Transport gëtt ëmmer méi dacks vu Reiwereien a Gewalt geschwat. Iwwer all d’Reseauen zesummen – also Zuch, Bus an Tram – goufen d’lescht Joer méi wéi 1.100 Aggressiounen enregistréiert.
"Happy Chinese New Year" heescht et geschwënn: De 17. Februar fänkt dem Moundkalenner no dat chineesescht Neit Joer un – dat wichtegst Fest a China.
An der Suitte vun de Kontaminatioune mat Cereulid, huet d'ALVA 30 cibléiert Kontrolle gemaach. Een Test war positiv.
Bei engem Accident tëscht Ierpeldeng an Draufelt sinn en Donneschdeg am Nomëtteg zwou Persoune blesséiert ginn. Zu Diddeleng ass ëm déi selwecht Zäit eng Persoun ugestouss ginn.
An der Chamber waren en Donneschdeg - mol nees eng Kéier a villäicht als provisoreschen Ofschloss - d'Toiletten an de Lycéeën an awer och den nationale Plang fir d'Promotioun vun de Rechter vun LGBTIQ+-Persounen en Thema.
Vum 5. bis 15. Mäerz dréint sech zu Lëtzebuerg nees alles ëm de Film. Op enger Pressekonferenz am Kinepolis um Kierchbierg gouf en Donneschdeg de Moien de Programm vun der 16. Editioun vum Luxembourg City Film Festival virgestallt.
Wann et 5 Méint dauert bis een zu Lëtzebuerg en neie Kont kann opmaachen, dann ass dat keng gutt Reklamm fir d'Land, sou de Laurent Mosar an der Chamber a wollt vu sengem CSV-Parteikolleeg Gilles Roth wëssen, wat de Finanzministère da konkret dogéint maache géif.
D'Bedreiwer vum Bar "Le Constellation" waren um Wee op d'Geriicht, wéi si vun den Hannerbliwwene vun den Affer konfrontéiert goufen.
Lescht Joer hate mir déi besonnesch Geleeënheet, zesumme mat der Rockhal ee vun insgesamt fënnef Golden Tickets ze verspillen.
Well den Demarreur fir Brandgefor suerge kéint, ginn iwwert eng hallef Millioun Autoen an d'Garagë geruff. 16 Modeller, déi och zu Lëtzebuerg verkaaft gi sinn, si betraff.
Dat huet de President vum Büro Claude Wiseler en Donneschdeg de Mëtteg bei enger relativ kuerzfristeg aberuffener Pressekonferenz annoncéiert.
Um Online-Portal fënnt een eng 1.000 Gedenkmonumenter an 1.500 Biografie vu Leit, déi Kricher, notamment den 2. Weltkrich, matgemaach hunn.
A Kolumbien huet d'Police eng Quantitéit vun 1,1 Tonne Marihuana saiséiert.
Büroe vun der EU-Kommissioun goufen op Uerder vum Europäesche Parquet duerchsicht. Et geet ëm Irregularitéite beim Verkaf vun Immobilien un de belsche Staat.
Éiert d'Gwyneth ten Raa an de Matthieu Osch an hir Coursse ginn, hu mir mam Chef de Mission Raymond Conzemius iwwer d'Virbereedunge geschwat.
Och dës Fuesent kënne sech d'Fuesboken nees op eng Rëtsch Kavalkaden uechter d'Land freeën.
Gewalt ass e schwieregt Theema, och politesch, well ee mat der Angscht liicht spille kann. Déi klëmmt natierlech bei Nouvellë wéi dem Mord um Lampertsbierg oder dem Puppelchen, deen einfach esou op de Kapp geschloe kritt.
De praktesche Familljewon, dee vill Stäerkten huet, woubäi d'Autonomie awer keng dovunner ass.
Op Basis vun dësem Indice des prix à la consommation gëtt jo d‘Präisdeierecht gemooss a léist och eventuell Indextranchen aus.
Si hu gespillt, si geklotert oder hu gechillt: Zu Chengdu an engem Fuerschungszenter goufen elo 30 jonk Pandaen dem Public virgestallt.
Traditionell gouf dësen Donneschdeg zu Tréier mam sougenannte "Brimborium" d'Fueszäit agelaut.
D'lescht Joer gouf et an enger ganzer Rei Gemenge Kaméidi a Problemer. Hesper, Dippech, Sandweiler, Conter, Wolz oder Bech si Beispiller, wou ëffentlech gestridde gouf a wou och deels de Buergermeeschter oder d'Buergermeeschtesch an och Schäffen, hu missen zrécktrieden. Läit et um Eenzelen? Feele Kompetenzen? Oder léisst de System ze vill Feeler zou? D'Carine Lemmer bréngt an deem Kontext mol nees eng Kéier d'Iddi vun enger Territorialreform op den Dësch.
Dat geet aus enger Äntwert vun der Transportministesch op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten ervir.