EHF European Cup: Diddelenger Dammen trotz engagéiertem Optrëtt eliminéiert
Den HBD verléiert och de Retourmatch géint JuRo Unirek aus Holland an ass domat am European Cup ausgescheet.
Den HBD verléiert och de Retourmatch géint JuRo Unirek aus Holland an ass domat am European Cup ausgescheet.
Am Joer 1992 huet d'Fondation "Natur an Ëmwelt" den Dag vum Bam an d'Liewe geruff. Zanterhier goufe scho ganz vill Beem hei zu Lëtzebuerg geplanzt.
Fir déi 10. Editioun vum GT Open Indoor World Series, kann de Veräi Guillaume Tell houfreg sinn op e Rekord bei der Unzuel vu Participanten.
D'Kannerklinik vum CHL ass mat 8 Dokteren an iwwer 80 Infirmière gutt op dës Fäll preparéiert.
Zejoert goufen et am Grand-Duché offiziell 1.101 Stroossenaccidenter mat kierperlechem Schued.
Dem Bundeskanzler Scholz seng Annonce, de 16. Dezember d'Vertrauensfro ze stellen, versprécht, datt et an den nächste Wochen an Deeg nach héich hiergeet.
D'Police freet no eventuellen Zeien, nodeems vun e Freideg op e Samschdeg op engem Camping zu Äischer eng Partie Saache geklaut goufen.
Am Cyclocross gouf et zu Dikrech beim Grand Prix de l‘Armée bei den Dammen eng Victoire vum Christine Majerus.
D'Lëtzebuergerin koum um Enn 8 Sekonnen hannert der Gewënnerin Ceylin Alvarado op déi excellent 3. Plaz.
No 12 Ronnen huet den Italieener sech virum Enea Bastianini an der Nummer 1 am General Jorge Martin duerchgesat.
De Weekend war den 11. Spilldag am nationale Futtball-Championnat bei den Dammen. Déi komplett Resultater an d'Tabell fannt dir hei.
No zwou Woche Lännermatchpaus war et bei den Hären den 8. Spilldag. D’Dammen hunn de 7. Spilldag absolvéiert.
Zu Levi a Finnland huet sech d'Amerikanerin am éischte Slalom vun der Saison duerchgesat.
An der Nuecht op e Samschdeg kuerz no Hallefnuecht gouf op der A7 e Geeschterfuerer gemellt.
E Samschdeg war de Premier Invité an der Emissioun "Background am Gespréich".
Eng Partie fréier an aktuell Sportler aus dem Grand-Duché hunn e Samschdeg een oppene Bréif un ënnert anerem de Sportminister an d'FLTT adresséiert.
De Mike Tyson huet an der Nuecht op e Samschdeg bei sengem Comeback am Boxen no 19 Joer géint den Jake Paul verluer.
Vum 22. November bis den 1. Januar organiséiert d'Stad Lëtzebuerg jo nees d'Winterlights.
Um leschte Spilldag an der Gruppephas hu sech d'Lucie Rabiot, de Raphael Calzi an de Christophe Nickels hiren Ticket fir d'Halleffinall geséchert.
Bei munche Clienten dierft dëser Deeg d'Rechnung fir d'Memberskaart beim Automobilclub ukomm sinn, an do ginn et Ännerunge fir 2025.
Ronderëm déi Wale goufen et Reprochë vun der Oppositioun an der Presidentin, dass et zu Bedruch an zu russescher Amëschung koum.
E Samschdeg den Owend um 19 Auer kënnt et am Basketchampionnat bei den Dammen zum Spëtzematch tëscht dem Gréngewald an Diddeleng.
E Samschdeg vun 20.15 Auer u kënnt Dir d'Partie tëscht Käerjeng an de Red Boys am Livestream an der RTL Live Arena suivéieren.
Trotz intensive Gespréicher tëscht de Parteien, huet Éisträich nach keng Regierung, ma déi Stëmme-stäerkst Partei FPÖ geréit elo schonn a Schwieregkeeten.
Zu Rodange gouf e Freideg den Owend géint 18.15 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss. De Foussgänger koum blesséiert an d’Spidol.