Argentinien: E Vollek feiert seng Weltmeeschter
Argentinien ass am Ausnamezoustand. Matten an der Nuecht sinn d'Helde vun Doha um Flughafe vu Buenos Aires gelant.
Argentinien ass am Ausnamezoustand. Matten an der Nuecht sinn d'Helde vun Doha um Flughafe vu Buenos Aires gelant.
Fir säi 50. Anniversaire ze féieren hat d'Asbl Erwuessenebildung eng Table ronde organiséiert, dat mat der Participatioun vum Prof. Julian Nida-Rümelin.
Et ass e Schrëtt, mat deem d'Taliban de jonke Fraen d'Recht op Bildung a berufflech Perspektiven huelen: Am Afghanistan dierfe Meedercher net studéieren.
Dem fréiere Lëtzebuerger Arbitter Romain Sales no hätten d'Männer an d'Fra mat der Päif sech am Katar nëmme wéineg Feeler geleescht.
D'europäesch Dëschtennisfederatioun huet de Protest vum Lëtzebuerger Champion an der Europe Trophy ugeholl.
E Geeschterfuerer hat en Dënschdeg op der däitscher A 38 an der Géigend vu Leinefelde en Accident verursaacht. 3 Mënsche waren hei ëm d'Liewe komm.
D’Betriber solle besser gehollef kréien, fir duerch déi ekonomesch schwéier Situatioun ze kommen.
Géint 17 Auer en Dënschdeg den Owend hat en arméierte Mann e Bijoutier an der Rue Glesener an der Stad iwwerfall.
D'Ventë weisen no ënnen, d'Optraagsbicher gi méi dënn. Et gëtt nach ëmmer net esou vill driwwer geschwat, mä d'Logements-Kris 2.0 steet scho virun der Dier. Eng nei Zort Kris, mat gewësse Risken.Et ass net d'Demande no Wunnraum déi ewech brécht, mä et sinn déi multipel international Malaisen, déi de Lëtzebuerger Wunnengs-Modell un d'Wackele bréngen. Déi nächst Méint sinn decisiv an et ass ze hoffen, datt d'Regierung - trotz Walkampf - déi richteg Decisiounen hëlt. De Pit Everling huet sech seng Gedanke... Читать дальше...
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.175 bliwwen ass.
Viru Kuerzem gouf et e Fall, bei deem eng Persoun sech op eng Offer vun enger Teppechfirma an enger Zeitung agelooss huet a vun der Entreprise bedru gouf.
Mam Gesetz, dat unanime gutt geheescht gouf, gëtt enger Rei europäeschen Texter Rechnung gedroen.
D'Kuerzaarbecht bleift och zum Enn vum Joer op engem héijen Niveau: fir de Januar haten eng 100 Firmen ugefrot, nëmme partiell ze schaffen.
Am Dossier Schmelz zu Diddeleng gëtt et effektiv en neien Ament, well et fir d'éischte Kéier eng Bereetschaft gëtt vu Liberty Steel, de Site ze verkafen.
Tëscht August an November ass d'Consommatioun vu Gas an den EU-Länner ëm ronn 20% erofgaange par Rapport zur Moyenne an de 5 Joer virdrun.
Géint de weltwäit gréissten Online-Händler gouf aus diverse Grënn enquêtéiert.
An der Chamber gouf en Dënschdeg iwwert d'Verfassungspropositioun vun déi Lénk debattéiert. Mam Punkt iwwert d'Monarchie waren awer déi mannst zefridden.
D'Investissementspolitik vum Pensiounsfong gouf ëmmer nees vun Ëmweltorganisatioune kritiséiert, well och an net-erneierbar Energien investéiert gëtt.
Nodeems d'Mailbox vum fréiere Vertraute vun de Lady Di Jorelaang illegal ofgelauschtert gi war, gouf de Verlag vum "Daily Mirror" en Dënschdeg verurteelt.
D'Presidentin vum EU-Parlament Roberta Metsola huet den Elon Musk an engem Bréif zu enger ëffentlecher Auditioun agelueden, sou d'Noriichtenagence DPA.
Am Nordweste vu Pakistan haten 33 presuméiert Taliban e Policebüro gestiermt an all Mënsch, deen dobanne war, als Geisel geholl.
Déi nei Geldschäiner solle Mëtt 2024 an Ëmlaf kommen, wéi déi brittesch Zentralbank en Dënschdeg erkläert huet.
Un der Süd-Ost Küst vun Thailand gëtt weider no Iwwerliewende gesicht vum Krichsschëff, dat e Sonndeg an engem Stuerm ënnergaangen ass.
Déi fréier Vizepresidentin vum EU-Parlament soll ënner anerem zouginn hunn, dass si hire Papp gebieden hätt, Suen ze verstoppen.
D'Presenz vun der Europäescher Unioun an der Sahel-Regioun wier wichteg an dat hätt Lëtzebuerg verstanen.