E Mëttwoch de Moien ass den neie Generaldirekter vu LuxairGroup eisen Invité vun der Redaktioun.
Wann een eppes verluer huet, muss een op der logescher Platz duerno sichen, éischt Reegel. Wann een eppes sicht, muss ee kreativ sichen, zweet Reegel.Dat sinn esou meng zwou Sich-Reegelen...
D'Young Boys Bern mam Christopher Martins waren zu Genf op Besuch. Béid Ekippen trenne sech 1:1.
Wéinst engem technesche Grond sinn tëscht 16.35 Auer an 20.59 Auer Commentairen, déi vun de User geschriwwe goufen, net bei RTL.lu ukomm.
Den Transfert vum Leroy Sané vum Manchester City bei den FC Bayern München wär fix, dat mellt déi am Sport ëmmer gutt informéiert Bild-Zeitung.
Grad an den Alters- a Fleegeheemer hätten et Leit ginn, déi de ganzen Dag iwwer just an hiren Zëmmer hätten dierfte bleiwen.
De 24. Mäerz hat den IOC wéinst der weltwäiter Pandemie decidéiert, d'Olympesch Spiller ëm 1 Joer op 2021 ze verleeën.
Den No-Ost Konflikt huet scho vill dramatesch, ewéi och paradox Tournuren erlieft.
Den Herbizid dierf net méi verkaf ginn, ma do, wou en op Stock ass, dierf en allerdéngs nach bis Enn vum Joer opgebraucht ginn.
Ob an de soziale Medien oder dobaussen op der Strooss: vill Corona-Kritiker bréngen hir Onzefriddenheet ëffentlech zum Ausdrock.
Geet et dem franséische Staat no, bleift d'Unzuel vun den Deeg, déi e Frontalier Teletravail ka maachen, ouni a Frankräich Steieren ze bezuelen, bei 29.
Am Moment spillt de Lëtzebuerger Nationalspiller jo an der ieweschter Divisioun an der Tierkei beim Tabelleleschten Ankaragüçü.
An enger Mail, deen d'Eltere vu Schüler kruten, huet de Ministère verschidde Fakten an Zuelen zum Virus an der Schoul opgelëscht.
A ville Länner huet de Sport an d'Beweegung e grousse Stellewäert an der Politik. D'Wichtegkeet an d'Beneficer op gesondheetlechem Plang sinn onëmstridden.
Säi Client géif bestreiden, d'Absicht gehat ze hunn, fir Schwëster a Schwoer ëmzebréngen, wéi hie Gëft am Darknet bestallt huet.
Op ville Plaze leie Masken, déi ee just eemol undoe kann, um Buedem. U sech missten déi Masken an déi schwaarz Poubelle kommen.
Domadder ginn d'Kontrakter vum techneschen Direkter, vum Nationaltrainer a vum Jugendnationaltrainer net verlängert.
Geschitt ass dëse Virfall zu Bouneweg an der Rue Jean-Baptiste Gellé, dat an der Nuecht op en Dënschdeg.
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, weiderhin onverännert bei 110 bleift.
Bis ewell géif et nach keng Pläng vu Guardian, zu Lëtzebuerg z'investéieren. A Polen dogéint géif eng nei Produktioun opgoen.
D'Reamenagementsaarbechten um Rond-point Schaffner sinn ofgeschloss, dat mat e puer Méint Verspéidung.
An de Lycéeë si 45 Schülerinnen a Schüler reell a Quarantän, net well se selwer positiv op Covid-19 getest goufen, mä a Kontakt mat Infizéierte waren.
D'UEFA huet d'Endphas vun der Champions League wéinst dem Coronavirus jo op Lissabon verluecht. Do ginn et am Moment awer Reconfinementsmesuren.
An der Lutte géint Kannermëssbrauch hunn Ermëttler a Nordrhein-Westfalen an aanere Bundesländer den Drock op d'Täter weider an d'Luucht gesat.
Joerzéngten no enger schrecklecher Serie u Verbriechen a Kalifornien huet e Mann sech e Méindeg fir schëlleg bekannt.