Wie jeemools an de Vereenegte Staaten en Auto gelount huet, ka sech bestëmmt nach un de Sproch erënneren, deen op all Säit am Réckspigel steet: ‘Objects in the mirror are closer than they appear’, Saachen déi dir am Spigel gesitt, si méi nobäi wéi et am Spigel ausgesäit. Esou ass och dem Paul Hammelmann seng Carte blanche iwwerschriwwen. Hie mengt domadder awer net d’Geforen, déi beim Autofueren optauchen, mee dat politescht Liewen an den USA.