De Bradley Cooper ass net nëmmen een erfollegräichen Acteur, mee och ee Realisateur, dee mat Filmer wéi "A Star Is Born" a "Maestro" konnt iwwerzeegen. Seng drëtt Realisatioun, "Is This Thing On?", mam Will Arnett a Laura Dern an den Haaptrollen, ass méi eng kleng Produktioun, déi dofir awer net manner interessant ass.