Den internationale Commemoratiounsdag fir d'Shoah ass och uechter d'Schoulen am Land en Dënschdeg e wichtege Sujet gewiescht. Sou zum Beispill am Atert-Lycée zu Réiden, wou d'Schüler vu verschiddenen 2èmes-, respektiv 1ères-Klassen eng Fotoausstellung zu deem Theema an d'Liewe geruff hunn.