Déi kal Joreszäit wierkt sech bei ville Leit net nëmmen op d'Gemitt aus, och eiser Haut bekommen déi kal Temperaturen net wierklech gutt. Dacks kraazt se an ass immens dréchen, heiansdo ass se souguer liicht sprock. Dat souwuel duerch déi dréchen Heizungsloft dobanne wéi awer doduerch, dass bei Keelt eis Talgdrüse manner Uelech produzéieren.