"Atombomm“ oder endlech méi Chancëgläichheet? Kaum e Projet an der Lëtzebuerger Bildungslandschaft huet a leschter Zäit esou polariséiert wéi d'Alphabetiséierung op Franséisch, de Projet "Alpha" vum Educatiounsministère. E Mëttwoch de Mëtteg gouf de gesetzleche Kader dofir mat grousser Majoritéit ugeholl an dat trotz enger ganz dënner Donnéesbasis. Dat ass problematesch, fënnt d'Anne Wolff an hirem Commentaire.