Mat de méi laangen Deeg an de méi héijen Temperature kënnt och d’Loscht zeréck, nees méi dobaussen ze sinn. An der Stad gëtt dat Gefill dann och aktiv opgegraff: mat engem breet gefächerte Programm u Manifestatiounen, dee sech vum Fréijoer bis an de spéide Summer zitt.